Zwee neiséilännesch Zwergpinguine schéngen eng mobil Sushi-Bar als Doheem ze notzen. E fëschege Geroch a komesch Gurr-Geräischer hat se opfléie gelooss. D’Police huet déi 2 agefaang a se am Hafen nees fräigelooss. Dat war do awer scho fir d’zweet.
Wéi d’Police op Facebook präziséiert, war ee vun de Pinguine schonn e Samschdeg um 20.40 Auer op der Strooss an der Géigend vum Sushi-Foodtruck gesi ginn. D’Beamten haten d’Déier och do schonn agefaang an am Hafe fräigelooss.
Hie koum zeréck, mat Verstäerkung an dat direkt 2 Mol.
D’Beamten hunn dat neiséilännescht Department of Conservation (DOC) an de Wellington Zoo informéiert. Zesumme goufe béid Déiere schonn 2 Mol agefaange an nees ausgesat. Et wéilt een dat Ganzt elo am A behalen, well et méi wéi sécher ass, dass d’Pinguinen zeréckkommen.
Ma wisou eigentlech?
Natierlech ass de lackelege Fësch-Geroch vum Sushi bestëmmt e Grond, ma et ass wuel éischter eng waarm a schnuckeleg Plaz, déi d’Pinguin-Koppel gesicht huet. Ënnert dem Foodtruck ass nämlech e Lëftungsgitter, aus deem waarm Loft stréimt. Den Ament ass Paarungszäit an d’Koppel huet wuel eng geschützte Plaz gesicht, fir hiert Nascht ze bauen. Wisou dann net op enger Plaz, wou och nach genuch Fudder ufale kéint?!