
Mat “Fudder an aneren Zeebraen” war zanter Woche probéiert ginn, déi gesträiften Exote rëm zréck op den Haff am Bundesstaat Maryland ze lackelen.
D’Geschicht vun den Déieren hat an de soziale Medien zwar fir schmunzele gesuergt, huet awer kuerz virum Afänken eng traureg Wendung geholl, wéi een drëtten Zeebra, dee fortgelaf war, sech an engem Stréck verfaangen hat an doduerch gestuerwen ass.
Dem Proprietär vun den Déieren dreet eng Plainte wéinst Déierequälerei, nodeems am Oktober e weideren Zeebra op sengem Grondstéck dout opfonnt gouf. De Mann bedreift e groussen Haff mat enger Häerd vu ronn 30 Zeebraen. Déi privat Haltung vun exoteschen Déieren ass a verschidden US-Bundesstaaten erlaabt.