
Matten an der Nuecht hätt sech eng ronn dräi Meter laang a 24 Kilo schwéier Wiergeschlaang duerch Dülmen an Däitschland geschlängelt. Déi wäiss Python gouf an der Nuecht op e Freideg vun der Police entdeckt. Wouhier d’Déier koum a wiem et gehéiert, wier onkloer.
D’Pompjeeën hätten d’Schlaang schlussendlech agefaangen, nodeems de wëll Déier-Expert an der Nuecht zur Ënnerstëtzung geruff gouf. Bei enger dräi Meter laanger Schlaang an der Stad wier et wichteg, datt een se séier am Grëff hätt, fir datt d’Déier net deeglaang duerch d’Stad iere géif.
Doropshin hätt den Expert d’Schlaang mat Heem geholl an iwwer d’Nuecht an der Buedzëmmer agespaart. Seng Fra hätt dat Moies awer net esou witzeg fonnt. D’Foussbuedemheizung wier fir déi wiesselwaarm Schlaang allerdéngs passend gewiescht. Méi spéit hätt hien d’Schlaang dann an en Déierenasyl bruecht. D’Police sicht nom Proprietär.