Schof qui peut300 Schof e Freideg um Kierchbierg ënnerwee
Wann Zäit ass fir weiderzezéien, ass dat mat engem Trupp Schof vun ronn 300 Béischten nawell eng spektakulär Wanderung, zemools iwwert de Kierchbierg.
Vum Kuebebierg goung et e Freideg de Moie lass an Direktioun Bricherhaff. Am Nomëtteg misst de Schofscortège dann am Quartier résidentiel Gréngewald, respektiv am Park Klosegrënnchen ukommen, wou se da bis den 8. Mee dierfen ofgrasen.
PDF: Detailer iwwert den natierlechen Pâturage