Basilosaurus36 Millioune Joer ale Walfossil a peruanescher Wüüst fonnt

RTL Lëtzebuerg
Wëssenschaftler hunn an enger Wüüst am Peru verstengert Iwwerreschter vun engem Urzäit-Wal fonnt, dee viru 36 Millioune Jore d'Mierer bewunnt huet.
© AFP/ERNESTO BENAVIDES

De Kapp /D’Schierbel vum Basilosaurus wier komplett erhalen, sot de Paleontolog Mario Urbina en Donneschdeg bei der Presentatioun vum Fossil am Naturmusée zu Lima. De Mario Urbina hat d’Ausgruewungen an der Ocucaje-Wüüst am Süde vum Peru geleet, bei deenen d’Fuerscher Enn 2021 déi spektakulär Entdeckung gemaach hunn.

Op der Plaz an der Ocucaje-Wüüst war viru Millioune vu Joren e Mier, an deem sengen Oflagerunge schonn d’Iwwerreschter vu sëllege Mieresdéiere fonnt goufen. De Basilosaurus war Schätzungen no eng 17 Meter laang an huet seng grouss a kräfteg Zänn benotzt, fir sech vun Thonen, Haien a ganze Sardinneschwäerm z’ernieren.

D’Entdeckung wier bedeitend, well et weltwäit keen anert änlecht Exemplar géing ginn. De Wal wier ee vun de gréissten Déiere vu senger Zäit. Vun aneren Urzäit-Walen ënnerscheet de Basilosaurus sech net duerch seng Gréisst, mä duerch seng Zänn. D’Fuerscher ginn dovun aus, datt d’Déier un der Spëtzt vun der Ernierungskette stoung. Aussergewéinlech wier och den Zoustand vum Fossil gewiescht.

Déi éischt Virfare vun de Wale wéi de Basilosaurus si viru ronn 55 Millioune Joren aus “Landdéieren” entstanen. Bis an de spéiden Eozän viru 56 bis 34 Millioune Jore war hir Evolutioun vu Land- zu Mieresbewunner ofgeschloss.

Back to Top
CIM LOGO