
Ënnert anerem ass de jonke Mann op déi grandios kreativ Iddi komm, fir säi Kapp an déi oppe Schnëss vun engem Deier ze leeën, dat beleeën Opname vun der Iwwerwaachungskamera am Musée.
E wéineg méi spéit huet de Mann dunn och nach e Cowboy-Hut ugedoen, deen heen an enger Garderob fonnt huet. Nodeems hien dunn nach e puer Selfien mat weideren Dinosaurier gemaach huet, huet hien schlussendlech nach e Konschtobjet geklaut.
De Mann ass e Sonndeg den Owend vun der Police festgeholl ginn, e Méindeg muss hie virun den Untersuchungsriichter.