
Maacht bis den 22 September beim „LuXembourg 10-Letter Challenge“ mat daat am Kader vun den 10 Joer vu „LuXembourg – Let’s Make It Happen“ organiséiert gëtt.
Déi 10 Buschtawe vum Wuert LUXEMBOURG goufen als 1 Meter héich Buschtawen op 10 verschidde Plazen am ganze Land verdeelt.
All Buschtaf vum Wuert Luxembourg ass mat engem Atout vum Land verbonnen – an hält eng Iwwerraschung parat, esou wéi d’Méiglechkeet, eppes ze gewannen!
Den éischte Präis ass e flotte Weekend zu Lëtzebuerg am Wäert vun 800 €, offréiert vu Visit Luxembourg!
Fir erauszefanne wou d’Buschtawe stinn, gitt op:
https://www.letsmakeithappen.lu/lu/actions/challenge
Lauschtert hei den Interview mam Beryl Koltz fir 10 Joer 'Luxembourg Let's make it happen' an der 10 Letter Challenge:

Lëtzebuergesch ass d’Sprooch vun de Lëtzebuerger, eng lieweg Sprooch, déi vu ronn 400.000 Mënschen op der Welt geschwat gëtt. Si ass e fixe Bestanddeel vun eiser Identitéit. D’Sprooch huet eng räich mëndlech Traditioun a setzt sech haut ëmmer méi am Schrëftlechen duerch, besonnesch an der digitaler Kommunikatioun.
Nieft dem Lëtzebuergesche sinn d’offiziell Sproochen och Franséisch an Däitsch. D’Méisproochegkeet ass tatsächlech e speziellen Atout vu Lëtzebuerg an Zeie vu senger Oppenheet an der Welt.
Dir fannt de Buschtaf L am Nationalen Zentrum fir Literatur (CNL) zu Miersch.
Lëtzebuerg ass den eenzege Grand-Duché op der Welt. Eng institutionell Besonneschkeet, mee och eng ganz eege Manéier ze existéieren.
D’Land ass eng parlamentaresch Demokratie a Form vun enger konstitutioneller Monarchie, vertrueden duerch de Grand-Duc.
Dir fannt de Buschtaf U virun der Chamber vun den Deputéierten.
Vu baussen erschénge verschidde Realitéite vu Lëtzebuerg aussergewéinlech. An awer gehéieren se hei einfach zum Alldag.
Gratis ëffentlechen Transport. Gratis Educatioun. Gratis Musekscoursen. Bestietnes fir jiddereen. Lëtzebuerg setzt de Mënsch an d’Mëtt vu sengem Gesellschaftsmodell.
Dës sozial Visioun baséiert op enger staarker Iddi: d’Liewensqualitéit konkret, sichtbar a fir jiddereen zougänglech ze maachen. D’Land läit reegelméisseg ënnert de beschtplacéierte puncto Zefriddenheet an Wuelbefanne vu sengen Awunner. Et bitt e stabille Kader an en Ëmfeld, ideal fir Zesummentreffen, Echangen a Projeten.
Dir fannt de Buschtaf X bei der Philharmonie.
Lëtzebuerg läit am Haërze vun Europa a verkiepert zudéifst den europäesche Projet. Als Grënnungsmember vun der Europäescher Unioun empfängt Lëtzebuerg vill Institutiounen an zielt zu de Länner, wou dat europäescht Gefill am stäerksten ass. Mee een Duerf, dem säi Numm weltwäit bekannt ass, verkierpert dësen europäesche Geescht: Schengen.
Dir fannt de Buschtaf E virum Musée vu Schengen.
D’Diversitéit ass eng dreiwend Kraaft vu Lëtzebuerg ginn. An et gesäit een se am Alldag uechter d‘Land. Vu ronn 680.000 Awunner besteet bal d’Hallschent vun der Bevëlkerung aus auslänneschen Nationalitéiten, insgesamt ëm déi 180 Nationalitéiten.
230.000 Grenzgänger, déi all Dag aus Frankräich, der Belsch an Däitschland kommen, verduebelen déi aktiv Bevëlkerung, droen zur Dynamik vum Land bäi a beräicheren seng kulturell a sproochlech Diversitéit. Dës Diversitéit gëtt an de Betriber, de Schoulen, an op de Stroosse gelieft, an dréckt sech a ville Sproochen aus!
Dir fannt de Buschtaf M op der Place Frantz Kinnen zu Diddeleng.
Kuerz Distanzen, grouss Entdeckungen. Zu Lëtzebuerg kann all Trajet den Androck vermëttelen, duerch verschidde Welten ze goen. Op nëmmen 2.685 Quadratkilometer versammelt d’Land eng eenzegaarteg Diversitéit u Landschaften.
Hei fënnt een eng Rei vu Sitten, déi zum UNESCO-Weltkulturierwen zielen, an iwwer 70 Schlässer a Buergen.
Sitten di zum Patrimoine gehéieren, Däller, Plateauen, Bëscher an Dierfer setze räich an divers Landschaften zesummen. Bal een Drëttel vum Terrain ass mat Bëscher bedeckt, duerchzu vu Wander-, Vëlos- a Mountainbike-Strecken.
Dir fannt de Buschtaf B um Veianer Schlass.
Als Katalyst vun internationalen Echangen ass Lëtzebuerg e Labo ënner fräiem Himmel, wou Studenten, Fuerscher, Entrepreneuren a Start-ups an engem Ökosystem vu mënschlecher Gréisst evoluéieren. Net nëmme e Pionéier vun de Beräicher Raumfaart an Telekommunikatioun, ass Lëtzebuerg och en industriellen Acteur, deem seng Technologien zu onzielege Realisatioune weltwäit bäidroen.
Dir fannt de Buschtaf O virum Learning Centre um Belval.
Wousst Dir, datt Lëtzebuerg fënnef Mol den Tour de France a fënnef Mol d’Eurovision gewonnen huet? D’Land iwwerrascht dacks déi, déi et entdecken. Et huet grouss Figuren ervirbruecht wéi den Hugo Gernsback, deen als Papp vun der Science-Fiction gëllt, den Edward Steichen, eng grouss Figur vun der moderner Fotografie, oder de René Arend, deen d‘Chicken Nuggets erfonnt huet!
D’Iwwerraschung geet weider an de Landschafte vun der Musel, mat Wäiner a Cremanten, déi reegelméisseg international ausgezeechent ginn.
Dir fannt de Buschtaf U um Koeppchen zu Wuermer.
Lëtzebuerg straalt och duerch seng Kënschtler. Eng grouss, usprochsvoll a kloer international ausgeriicht kreativ Zeen. Zu hire bekanntste Gesiichter gehéieren d’Vicky Krieps, eng Actrice mat enger méifach präméierter Karriär, de Francesco Tristano, Pianist a Komponist, international unerkannt fir seng innovativ elektro-barock Approche, de Laurent Witz, Oscar-Gewënner fir den Animatiounskuerzfilm „Monsieur Hublot“, an d’Su-Mei Tse, ausgezeechent mam Goldene Léiw op der Biennale vu Venedeg. Dës artistesch Vitalitéit ass keen Zoufall. Si baséiert op enger ambitiéiser Kulturpolitik an enger Communautéit vun Talenter an engagéierte Plazen.
Dir fannt de Buschtaf R bei der Abtei Neimënster.
Grouss ginn heescht fir Lëtzebuerg net just méi grouss ginn. Et heescht verantwortungsvoll virukommen. D’Zil ass einfach: d’Zukunft virbereeden, d’Innovatioun ënnerstëtzen, d’Energietransitioun stäerken an d’Ressource vum Land erhalen mat der Perspectiv vun enger nohalteger Entwécklung. Dat gesäit ee gutt a wichtege Beräicher, wéi de gréngen Technologien, den Informatiounstechnologien oder der Gesondheet. Dat kann ee bei der Uewersauer am Nordweste vu Lëtzebuerg erliewen.
Dir fannt de Buschtaf G zu Lëlz, op der Plaz „An der Driicht“.