
Den Thermometer klëmmt bis e Freideg nees un. Dowéinst huet Meteolux e Mëttwoch hir Warnung vun en Dënschdeg och verlängert an op dat ganzt Land ausgeweit. D'Alerte jaune gëllt elo vun e Mëttwoch 12 Auer bis e Freideg 7 Auer moies am Süde vum Land. Den Norde huet nach e bësse méi Zäit, ier déi nächst Hëtztwell op se duerrullt: hei gëllt d'Warnung eréischt vun en Donneschdeg 7 Auer un, a geet och bis e Freideg 7 Auer.
Konkret gi sech, no engem Maximum vu 34 Grad e Mëttwoch, fir en Donneschdeg Temperaturen tëscht 34 a 36 Grad erwaart. E Freideg sollen et souguer bis zu 37 Grad ginn. Vun e Samschdeg u soll et sech dann awer nees e bëssen ofkillen, dat mat méigleche Reeschaueren.