Juegd, Landwirtschaft, OfholzungAll fënneft Reptilienaart ass vum Ausstierwe bedreet

RTL Lëtzebuerg
Eng éischt Kéier gouf analyséiert, wéi staark Reptilie bedreet sinn. D'Etüd stellt fest: Si si méi staark bedreet wéi Vullen, awer manner méi Mamendéieren.

Ronn 21 Prozent vun alle Reptilie si vum Ausstierwe menacéiert. Dat huet eng Bewäertung vu méi wéi 10.000 Reptilienaarten erginn, fir déi méi wéi 900 Wëssenschaftler Donnéeë geliwwert hunn.

Reptilien, zu deene Schlaangen, Krokodillen an Deckelsmouke gehéieren, sinn der Etüd no also méi staark bedreet wéi Vigel, vun deenen 13,6 Prozent vun den Aarte vum Ausstierwe menacéiert sinn. Gläichzäiteg si si manner staark bedreet wéi Mamendéieren (25,4 Prozent) an Amphibien (40,7 Prozent).

Ëmfangräich Risikoaschätzunge fir Vullen, Mamendéieren an Amphibie wieren zanter wäit iwwert engem Joerzéngt disponibel, ma Reptilie wieren bis ewell net ëmfaassend bewäert ginn. Dowéinst ass d’Fuerscher-Team d’Beuerteelung vun den Déieren ugaangen an huet fir seng Analys d’Risikobewäertungs-Krittäre vun der Weltnaturschutzunioun IUCN benotzt. All Aarten, déi an d’Kategorien “menacéier”, “staark menacéiert” oder “vum Ausstierwe bedreet” klasséiert waren, goungen an d’Gesamtzuel vun den Aarten, déi vum Ausstierwe menacéiert sinn.

Am stäerkste bedreet sinn deemno Deckelsmouke mat 57,9 Prozent a Krokodille mat 50 Prozent, virun allem, well Mënsche Juegd op si maachen. Ma och vum Mënsch importéiert Aarte sinn de Fuerscher no eng Menace: Eleng invasiv Mamendéieren op Insele menacéieren 257 Reptilienaarten. Weider Menacë fir Reptilie sinn d’Landwirtschaft, d’Urbaniséierung an d’Ofholze vu Bëscher.

Back to Top
CIM LOGO