Wéi de Crocodile DundeeAustralier wiert Krokodil mat klengem Messer of

RTL Lëtzebuerg
Zu Queensland gouf e Mann bei engem Floss vun engem Krokodil ugegraff an un de Féiss an d'Waasser gezunn. Mat engem "Gürtelmesser" konnt hie sech wieren.

De 60 Joer alen Australier hat op enger ofgeleeëner Plaz bei engem Floss gefëscht, wéi dat ronn véier Meter laangt Déier hien attackéiert huet. De Mann hätt nach probéiert, sech un engem Aascht vun engem “Mangrovebam” festzehalen, mä de Krokodil war méi staark an huet hien an d’Waasser gezunn.

Am leschte Moment ass et dem Fëscher awer gelongen “säi Messer aus dem Rimm ze huelen an dem Krokodil an de Kapp ze picken, bis d’Déier lassgelooss huet”, heescht et vum Ëmweltministère. D’Medie feieren den Australier als “richtege Crocodile Dundee”.

De Mann hätt et nach gepackt, selwer an eng Klinick ze fueren, vu wou aus hien an e Spidol zu Cairns geflu gouf, an eng Woch a Behandlung war. Säin Zoustand wier zwar mëttlerweil “stabil”, hie wier awer “zimmlech traumatiséiert” vun der Attack. Trotzdeem hätt den Australier “Gléck, datt en nach lieft”, well d’Probabilitéit, esou en Ugrëff z’iwwerliewe léich bei “null”, esou de Spriecher vum Ëmweltministère.

D’Zuel vun de Salzwaasserkrokodiller wier an Australien staark geklommen, zanterdeem d’Déieren 1971 ënner Schutz gestallt goufen. Deemno géifen et an de leschte Joren och ëmmer méi Attacken, déi meeschtens déidlech ausginn.

Back to Top
CIM LOGO