DäitschlandBauz "Margret" fält an de Piff a muss vu Pompjeeë gerett ginn

RTL Lëtzebuerg
Zu Olpe an Nordrhein-Westfalen huet sech eng Kou e Samschdeg an eng mësslech Situatioun bruecht.
© afp

Géint der Owend gouf d’Police iwwert eng Kou informéiert, déi an ee Piffgruef gefall war, an aus eegener Kraaft net méi aus dem Lach erauskomm ass.

De Bauer konnt déi 800 Kilo schwéier Bauz mam Numm “Margret”, déi bis zum Hals am Piff stoung, net eleng aus dem Gruef manövréieren - dat ass eréischt an Zesummenaarbecht mat de Secouriste gelongen.

Nodeems d’Gaskonzentratioun iwwerpréift gouf, konnten d’Secouriste mat speziellem Ekipement dem Déier eng Rei Gurter uleeën. Ee Gurt, deen extra fir grouss Déiere gemaach ass, konnt net an den Asaz kommen, well de Piff am Gruef ze vill héich stoung.

D’Déier konnt schliisslech mat der Hëllef vu 24 Pompjeeën a schwéierem Geschier aus dem Lach gehuewe ginn. Et blouf onverletzt.

Back to Top
CIM LOGO