
D’Katjuscha koum 1984 am Zoo zu Karlsruhe op d’Welt. E puer Joer méi spéit ass et an de Berliner Zoo geplënnert, wou et zäitweis mam Äisbier Knut zesummegelieft huet. Elo ass d’Déier am Alter vu 37 Joer gestuerwen. A fräier Natur ginn dës Déieren héchstens 25-30 Joer al, woubäi déi mannst vun hinnen hiert 20. Liewensjoer erreechen.
Mam Katjuscha ass elo dat lescht Äisbier-Weibchen am Zoo an der däitscher Haaptstad verscheet. Wéi et an Zukunft an dësem Déierepark weidergeet, wäert an den nächste Wochen entscheet ginn.