
Éischten Informatiounen no wier d’Feier an enger Sécherungskëscht ausgebrach. De materielle Schued vum Gebai, an deem d’Famill eng Opfänkstatioun fir Kaze bedreift, wier héich, heescht et vun der Police. 3 Kazen hunn de Virfall net iwwerlieft, 3 Véierbeener si geflücht a 5 weider Kazen hu missen noutmedezinnesch versuergt ginn. D’Bewunnerin gouf net blesséiert.