D'Kreeslafwirtschaft erkläertWerft mat der SDK-Akademie e Bléck hannert d'Kulisse vun der SuperDrecksKëscht

IPL - sponsored content
Bei enger Visitt entdeckt een, wéi geféierlech Offallproduiten iwwerhaapt veraarbecht ginn, an dat zu Lëtzebuerg.
© SuperDrecksKëscht

Zanter iwwer 40 Joer ass d'SDK, also d'Superdreckskëscht bekannt fir déi landeswäit Sammlung vu geréierlechen Offallprodukter vu Privatleit a Betriber. Hutt dir iech da scho mol d'Fro gestallt wat genau duerno mat dem Offall geschitt? Der SDK hier Diere sinn op fir Visitten a mir hunn den Nico Thielen mol laanscht geschéckt.

Jo ech sinn haut op Besuch bei der Superdreckskëscht hei um Colmar Bierg a bei mer ass d'Carmen Noehl, Mataarbechterin vun der SDK Akademie.
Wéi genau kann een da rausfannen, wat mat deene Produite geschitt?
Ganz einfach andeems een sech umellt, laanschtkënnt an dann sech alles op der Plaz bei enger Visitt erkläre léisst.

Wat genau gesäit een dann do hannert de Kulissen?
De Besucher huet am Fong geholl en Abléck an eis Aarbecht an d'Organisatioun vun der Superdreckskëscht. Mir erklären jiddwerengem ganz transparent, wéi villfälteg eis Aufgaben am Beräich vum Ressourcëschoune sinn.

Wat gesäit een an der Visitt?
Haaptsächlech geheie mir Bléck an eist grousst Logistikzentrum, wou d'Produiten direkt vun der Sammelstell, dat heescht, dat kënnt dir doheem sinn, Betriber oder Ressourcenzenteren, wou déi Produiten all landen. All Produktgruppen, déi ugeliwwert ginn, déi ginn da fir d'éischt emol mengeméisseg elektronesch erfaasst, mir musse jo ëmmer wëssen, wat mir an der Hal gelagert hunn. An da systematesch a Gefuerstoffregale gelagert. An dann am nächste Step ginn se da vu speziell geschoulte Mataarbechter kontrolléiert an och eng Kéier ëm-triéiert an duerno fir de Versand nei verpak. Zum Schluss waart dann den Transporteur an dee bréngt Produiten zu ausgewielt Verwäertungsanlagen an Europa.

An op der Visitt, déi dann mat dir vläicht oder mat enger Aarbechtskolleegin ass, kann een op der Plaz de Leit iwwert d'Schëller kucken?
Korrekt, ech maache mega gäre Visitten, awer ech hunn natierlech e komplett Team hannert mer a mir maachen all gäre Visitten. Dat heescht, et erlieft ee live Praxisbeispiller aus der Kreeslafwirtschaft. Et gesäit een zum Beispill wéi Batterien oder Spraydosen, awer och Frittefett beschtméiglechst behandelt ginn, domat méiglechst vill Rostoffe de Wee zeréck an de Kreeslaf fannen. An dat nenne mir da bei eis Ressourcëpotenzial.

Wien kann sech alles umellen fir sou eng Visitt? Sinn dat just Betriber oder och Privatleit?
Am Prinzip lount sech de Besuch fir jiddwereen, deen sech an iergendenger Weis fir nohalteg Ressourcen, Notzung oder halt „Circular Economy“ interesséiert. Bei eis komme ganz verschidde Gruppen, dat heescht, Dir kënnt Iech mat enger Schoulklass umellen, Senioreclubs komme laanscht, awer och Privatpersounen, wann Dir mol en Ausfluch wëllt maache mat Äre Frënn oder och Gruppen aus Betriber sinn allzäit wëllkomm.

D'Visitte sinn och gratis a barriérefräi. Ab fënnef Leit kann ee sech schonn umellen, dat iwwert sdk.lu, ënner der Rubrik SDK Akademie.

SDK Interview 16.09.2026: Carmen Noehl vun der SDK-Akademie

Back to Top
CIM LOGO