Dir wëllt Ären Auto reegelméisseg wiesselen oder mat der neister Generatioun Auto fueren an dobäi Äre Budget schützen? Den Autoleasing ass eng Méiglechkeet, op déi ëmmer méi Automobilisten ëmklammen, wa si en Auto wëlle finanzéieren ouni en awer ze kafen.

D'Virdeeler vum Leasing

Ee vun de grousse Virdeeler vum Leasing ass d'Kontroll iwwer Äre Budget. Éischtens musst Dir keng esou eng grouss Zomm u Suen investéieren, wéi am Fall vun engem Kaf. De Montant, deen Dir pro Mount bezuelt ass generell manner héich wéi d'Mensualitéit vun engem klasseschen Autosprêt. An dobäi kënnt, datt Dir Iech keng Suergen iwwer onerwaarte Käschte musst maachen, well „Entretien a Reparaturen“ an Ärem Leasingkontrakt kënne mat virgesi ginn.Dir sidd interesséiert un engem elektreschen Auto, wëllt Iech awer net laangfristeg engagéieren andeems Dir den Auto kaaft? Wann een de Wäertverloscht an de Prozess vum Verkaf a Betruecht zitt, ass et normal, datt ee manner gewëllt ass en elektreschen Auto ze kafen. An dësem Fall kann de Leasing eng interessant Alternativ sinn. Dir hutt manner Risiko duerch eng kuerz Lafzäit (e Kontrakt op 3 Joer ass méiglech) an Dir gitt dem Stress vum Weiderverkaf zum Schluss vum Kontrakt aus de Féiss.

Time2Lease

D'Assurance vun Ärem Choix

Bei deene meeschte Leasingkontrakter kënnt Dir Är Assurance net selwer auswielen, se ass d'office scho mat dran. Mee wat ass, wann Dir awer optimal geschützt wëllt sinn oder wann Dir léiwer vum Service vun Ärem Agent vum Vertraue wëllt profitéieren? Dann ass Time2Lease genau dat Richtegt fir Iech! Mat Time2Lease bitt Ären Agent Iech Zougang zu privilegéierte Leasing Offeren an Zesummenaarbecht mat senge Partner un. Profitéiert vun hirem grousse Choix u Marken a Gefierer, thermesch oder elektresch, wärend Dir weiderhin Är easyPROTECT Auto Versécherung behaalt. Dir kënnt also weiderhi vun der professioneller Berodung duerch Ären Agent an de Servicer vu LALUX profitéieren. Dir behaalt och Äre perséinleche Bonus, mat deem Dir nach méi Reduktioune kritt.

easyPROTECT Auto

Op d'Mooss gemaach

Stellt Äre Leasingkontrakt mat engem Maximum u Flexibilitéit zesummen. Vun der Konfiguratioun vum Auto bis zu de Modalitéite vum Kontrakt, Personaliséieren ass d'Stéchwuert. Time2Lease bitt Iech d'Méiglechkeet entweder e Basiskontrakt auszewielen oder mat optionale Servicer wéi „Entretien a Reparaturen“ oder „Pneue wiesselen“ eng Léisung ze kreéieren, déi op Är spezifesch Besoinen ugepasst ass.

Interesséiert?

Egal ob Dir d'Gefier vun Ärer Wiel konfiguréiert hutt, ob Dir eng Propos vun Ärer Garage kritt hutt, oder ob Dir nach net genee wësst wat Dir wëllt, kontaktéiert Äre LALUX Agent fir eng Leasing Offer ze kréien. Méi Informatiounen zu Time2Lease.

Prakteschen Tipp

Sidd Dir esou gutt verséchert wéi Ären Auto? De Chauffer ass déi eenzeg Persoun, déi ni duerch hir Autosassurance ofgeséchert ass. Eng speziell „Chauffer-Garantie ass dofir eng wichteg Ergänzung. Si deckt all kierperlech Verletzunge vum Chauffer, Behandlungskäschten, medezinesch Versuergung, Akommesverloscht am Fall vun Aarbechtsonfäegkeet, Invaliditéit a souguer den Doud of.

Breakdown Service