"Et huet ee sech scho laang net méi sou no un enger Wafferou gespiert"
Um zweete Joresdag vum Hamas-Ugrëff op Israel hu mir mam RTL-Auslandskorrespondent Philip Crowther iwwer déi aktuell Situatioun am Gazakrich geschwat.
Mariette Zenners: Leschte Samschdeg stoung en nach zu Lëtzebuerg op der Bün am Kader vum Trounwiessel, lo ass en zu Jerusalem am Asaz. Gudden Owend, Philipp Crowther, ech ka mer virstellen, mat enger bedréckter Stëmmung um zweete Joresdag vum Iwwerfall vun der Hamas?
Philip Crowther: Jo, mee trotzdeem et ass en zweeten Anniversaire vun deem Ugrëff, dee vun der Hoffnung dach iergendwéi gepräägt ass. Et huet ee sech scho laang net méi esou no un enger Wafferou gespiert an och un enger Befreiung vun all de Geiselen, déi den Ament nach vun der Hamas an der Gazasträif gehale ginn. Et si souwuel d'Judden, wéi och d' Araber déi mengen, datt et zu op d'mannst enger Wafferou kéint kommen a villäicht souguer zu enger Zort Fridden op d'mannst. An Israel wëll een awer - oder op d'mannst d' Regierung wëll dat ganz kloer, datt et fir d'éischt zu enger Befreiung vun all de Geisele soll kommen, virun deem een iwwerhaapt iwwer aner Theeme schwätzt. Dat ass d'Astellung vun der Regierung vum Benjamin Netanjahu an Israel an et ass och d'Astellung vum Donald Trump an den USA. Also Befreiung vun all de Geisele fir d'éischt an dann eréischt wëll een iwwer eng méiglech Wafferou a villäicht souguer an der Zukunft iwwer e Fridden, deen unhält, schwätzen.
Mariette Zenners: Et si jo nach ëmmer 47 Geiselen an der Gewalt vun der Hamas, dat israeelescht Militär rechent awer, dass dovunner op d'mannst 25 Leit schonn dout sinn. Wat ass dann iwwer d'Schicksal vun deene Leit, déi nach verschleeft sinn, gewosst?
Philip Crowther: Also et ass gewosst, datt si all Männer sinn. Do sinn e puer Membere vun der israeelescher Arméi, also Zaldoten dobäi. A ganz vill vun hinne si Männer, déi um Museksfestival waren, dee vun der Hamas ugegraff gouf an deen dee Moment op der Grenz mat Gaza organiséiert gouf. Vun e puer vun deene Männer gëtt et Videoe vun dräi vun hinnen. Dat si Propagandavideoe vun der Hamas. An eent ass kloer: natierlech geet et deene Männer den Ament net gutt. Fraen a Kanner sinn all entweeder scho befreit ginn oder sinn a Gefaangenschaft gestuerwen. Elo muss een nach kucken, wéi et zu enger Befreiung vun all deene Geisele kéint kommen als Deel vun engem Friddensaccord. Normalerweis kënnt et do zu engem Echange. D'Geisele vun der Hamas am Echange fir palästinensesch Prisonéier, déi lieweslaang hei an Israel am Prisong sinn.
Mariette Zenners: Elo gëtt - du hues et gesot - Hoffnung gesat an dee vum President Trump initiéierte Friddensplang. D'Delegatioune vun der Hamas a vun Israel beroden zanter gëschter am ägyptesche Sharm-el-Chaik. Mee wat soen d'Leit an Israel, och wann déi politesch Responsabel villäicht virsiichtegen Optimismus verbreeden?
Philip Crowther: Et gleeft een un eng méiglech Wafferou, net onbedéngt un e längere Fridden a ganz sécher net un e Fridden, dee vläicht als Deel eng Zweestaateléisung hätt. Dat schéngt nach ëmmer immens onwarscheinlech an immens wäit entfernt, mee et gleeft een un dee Friddensplang vum Donald Trump, also et ass deen eenzege Friddensplang, deen et den Ament gëtt. A wann et da sollt zu enger Wafferou an haaptsächlech zu enger Befreiung vun all deene Geisele kommen, ma da géif den Donald Trump op d'mannst an Israel zu engem Held ginn. Israel wëll onbedéngt d'Befreiung vun de Geiselen am Gaza, ma do wëll een haaptsächlech, datt et endlech zu enger Wafferou kënnt nom Doud vun iwwer 60.000 Palästinenser an déi meescht vun hinnen Zivilisten an deene leschten zwee Joren.
Mariette Zenners: De Krich geet do virun. Wéi gëtt eigentlech beim israeelesche Vollek opgeholl, dass de Premier Netanjahu weider massiv ugräift a wéineg Hëllef eraléisst?
Philip Crowther: Jo, mir wësse jo, datt de Benjamin Netanyahu an dës israeelesch Regierung op d'mannst international immens isoléiert sinn, dat huet een op jiddwer Fall zu New York wärend der Generalversammlung vun der UN jo gesinn. De Benjamin Netanjahu ass net onbedéngt e besonnesch beléifte Politiker an Israel an hie krut ganz vill Kritik, well hie léiwer de Krich am Gaza weidergemaach huet wéi vläicht alles ze maachen, fir all d'Geiselen ze befreien. An déi Divisiounen an der israeelescher Politik an am israeelesche Vollek, déi huet een och haut um Anniversaire vum 7. Oktober 2023 gesinn, well d'Commemoratiounen, d'Haaptcommemoratiounen haut, déi goufen net vun der israeelescher Regierung organiséiert. Zu Tel Aviv an op der Plaz, wou de Museksfestival organiséiert gouf virun zwee Joren, do waren et haaptsächlech d'Familljemembere vun de Geiselen oder vun aneren, déi deen Dag gestuerwe sinn. Et ware si, déi déi Kommemoratiounen organiséiert hunn. A si sinn haaptsächlech net zefridde mat der Regierung vum Netanjahu.