Op wat sollt Dir oppasse wann Dir Äert Kand wëllt optimal versécheren? Dat ass eng Fro, déi sech all Elterendeel op d'mannst schonn ee Mol gestallt huet. Dës muss adequat beäntwert ginn, fir op all Eventualitéite gefaasst ze sinn. An enger Zäit wou mir mat Informatiounen a Reklamme reegelrecht iwwerschott ginn, ass et dacks schwéier all d'Offeren um Maart kloer ze erkennen. Dofir maache mir mat Iech den Tour vun de verschiddene Versécherungsléisunge vu LALUX Assurances, déi de Besoine vun allen Elteren entspriechen.

D'Zukunft virbereeden

D'Liewensversécherunge vu LALUX hunn d'Zil d'Zukunft vun Ärem Kand ënner allen Ëmstänn ze garantéieren a kombinéiere Viraussiicht mat Sécherheet. Dir kënnt him also zu engem bestëmmte Moment a sengem Liewen eng finanziell Ënnerstëtzung zur Verfügung stellen. Dëst Kapital gëtt him zu engem vun Iech definéierte Moment ausbezuelt an erlaabt him soumat seng Studien ze finanzéieren oder ganz einfach sech am Liewen ze installéieren.

D'Gesondheet schützen

EASY HEALTH vun DKV Luxembourg, Member vum Grupp LALUX, ënnerstëtzt d'Gesondheet vun Ärem Kand am Alldag. Fir Remboursementer ze kompenséieren déi dacks just deelweis oder guer net vun der CNS iwwerholl ginn, ass et wichteg eng Zousazkrankeversécherung ofzeschléissen, déi déi héchste Remboursementer bitt.

EASY HEALTH deckt zum Beispill 1. Klass Hospitalisatiounskäschten, erlaabt Iech fräi den Dokter oder Spezialist ze wielen an iwwerhëlt och d'Käschte vun alternativen Heelmethoden (Osteopathie, Kiné,…). Profitéiert vun der beschter medezinescher Versuergung haut a muer.

Gutt ze wëssen: wat ee méi jonk eng Zousazkrankeversécherung ofschléisst, wat d'Primm manner héich ass. A mat der Alterungsréckstellung gëllt dësen avantagéisen Tarif d'ganzt Liewe laang.

Eventuell Dommheeten ofsécheren

Och wa se zu Lëtzebuerg net obligatoresch ass, ass d'Familljenhaftflicht staark recommandéiert a vun de meeschten Awunner ofgeschloss. Dës schützt Iech virun de finanzielle Konsequenze vun engem Schued an/oder kierperlecher Verletzung, déi Dir oder Är Kanner enger anerer Persoun onfräiwëlleg zoufüügt. Wann Dir schonn eng Familljenhaftflicht hutt, sinn Är Kanner automatesch ofgedeckt - Dir musst näischt maachen. Trotzdeem ass et ëmmer unzeroden Ären Agent iwwer d'Gebuert vun Ärem Puppelchen ze informéieren.

Wat ass mat Accidenter?

En Accident ass en alldeegleche Risiko, deem jidderee vun eis ausgesat an deen dacks mat finanziellen Aschränkunge verbonnen ass: Invaliditéit, Rehabilitatiounsprogramm, Akommesverloscht, asw.

easyPROTECT Accident deckt dës alldeeglech Onglécker, déi Äert Liewen an dat vun Äre Léifste grondleeënd verännere kënnen: bei Ären üblech Aktivitéite wéi DIY oder Hausaarbecht, Ären Hobbyen, Vakanzen oder Sport an, wann Dir wëllt, souguer bei Äre berufflechen Aktivitéiten.

D'Studien ofdecken

Är Kanner gi grouss a geschwë gi si vun doheem fort fir am Ausland ze studéieren. Fir dës nei Erausfuerderung gutt ze plangen an domadder onerwënscht Iwwerraschungen ze evitéieren, bitt LALUX easyPROTECT Discover, en Assurancë-Package speziell fir Studenten oder Léierbouwen/-meedercher bis 27 Joer, déi zäitweis am Ausland wunnen. D'Basisoffer ëmfaasst d'privat Haftflicht, souwéi Schutz vun der Wunneng géint déi heefegste Risiken. Optionale Schutz fir Computergeräter oder eng medezinesch Ofdeckung kënnen dem Kontrakt ganz einfach bäigefüügt ginn.

Dir hutt et bestëmmt verstan: dat wichtegst ass et virauszeplangen! Dofir iwwerloosst beim Schutz vun Äre Kanner näischt dem Zoufall. LALUX Assurances ënnerstëtzt Iech bei alle wichtegen Etappen an dem Choix fir Äert Kand optimal ze versécheren.