OberpfalzDäitsch Police fënnt ausgewuessene Puma a klengem Auto bei Neunburg

RTL Lëtzebuerg
Do haten d'Beamte wuel net schlecht gestaunt, wéi si an engem klengen Auto op eemol e grousse Puma viru sech haten.
© AFP Archivbild

Leschten Informatiounen no hat e Mann d’Déier aus Tschechien matbruecht, fir et bei sech doheem ze halen. De Puma ass 5 Joer al a weit ronn 40 Kilo. D’Police huet d’Déier saiséiert.

Fir d’éischt huet awer emol missen e Veterinär erbäigeruff ginn, deen de Puma ageschléifert huet. Duerno koum d’Déier wuelbehal an eng aartgerecht Ariichtung a Bayern. Géint de Chauffer vum Auto, e Mann vun 30 Joer aus Baden-Württemberg, gëtt elo wéinst engem presuméierte Vergoe géint d’Bundesnaturschutzgesetz ermëttelt.

Back to Top
CIM LOGO