Un nicaraguanescher KüstDausende Mieresdeckelsmouke leeën hir Eeër ënner Militärschutz

RTL Lëtzebuerg
Well d'Aart virum Ausstierwe bedrot ass: Dausenden Oliv-Bastardschildkröte goufe beim Leeë vun Eeër an Nicaragua vun Zaldote bewaacht.
© Oswaldo RIVAS / AFP

Zesumme mat der Ëmweltagence vun Nicaragua, sollten Zaldoten op der Plage vun la Flor zu San Juan del Sur am Süden vum Land verhënneren, datt Awunner aus de Gemengen an der Géigend d’Näschter vun den Deckelsmouke plëmme géingen.

D’Mieresschildkröte géife wäit Strecken zréckleeën, fir an den Naturschutzgebitter La Flor an Chacocente un der Pazifikküst vun Nacaragua hir Eeër ofzeleeën. D’Beamte schätzen, datt vun 100 Deckelsmouken, déi aus den Eeër kommen, zwar 90 et an d’Mier géife packen, ma nëmmen 3 den Erwuessenenalter erreeche géifen.

© Oswaldo RIVAS / AFP

Besonnesch déi jonk Déiere sinn nach ville weidere Geforen ausgesat. Esou gi si vu gréissere Fësch a Séivigel gefriess. Donieft wiere si awer och vun der Ëmweltverschmotzung, Booter an der Fëscherei bedrot. Vill Déiere kommen zum Beispill als “Niewefang” ëm d’Liewen.

All Deckelsmouk leet eng 90 Eeër. Aus dëse kënnt no ronn 40 bis 70 Deeg dann den Nowuess. Ausgewuess sinn d’Déieren e bësse méi grouss wéi en hallwe Meter a ronn 38 Kilogramm schwéier.

Back to Top
CIM LOGO