
An der Ukrain herrscht Chaos. Wunnquartieren, Schoulen a Spideeler goufen Zil vu russeschen Attacken. Iwwerdeems ukrainesch Zaldote versichen, dat russescht Militär zeréckzedrängen, geet de Patron op d’Sich no Minnen an huet domat warscheinlech schonn enger Abberzuel Mënschen d’Liewe gerett. Bis ewell huet d’Fellnues nämlech schonn e puer Dose Landminnen erschnoffelt, déi doropshin entschäerft konnte ginn.
Den 2 Joer alen Jack Russell, deen d’Maskottche vun der Eenheet fir Bommenentschäerfung ass, gouf bannent kierzter Zäit zu engem virale Star. Weltwäit deele Leit Videoe vum Véierbeener am Internet, déi hie bei senger Aarbecht weisen. Et ass e couragéisen Job, deen den Hond huet, well dagdeeglech setzt hie säi Liewen op d’Spill, fir Deeler vun der Ukrain nees e Stéck méi sécher ze maachen.