Eng Joffer op 4 PattenD’Emmi, de Schoulmupp

RTL Lëtzebuerg
Zesumme mat hirer Labrador-Mudder Emmi ass d'Enseignante Christine Reiter e pedagogescht Begleethond-Team.
An der Klass mam Emmi, dem Schoulmupp / Rep. Violetta Caldarelli (25.11.19)
Eemol d’Woch gëtt zu Heischent an der Primärschoul de Cours mam Emmi gehalen, engem pedagogesche Begleethond.

Zu Heischent an der Primärschoul hëlleft d’Emmi senger Meeschtesch an de Kanner an alle méigleche Fächer: Däitsch, Franséisch a souguer an der Mathe. Eemol an der Woch assistéiert de gedëllege Mupp an der Klass. Fir d’Kanner ass et de flottsten Dag an der Woch.

D’Emmi, de Schoulmupp ënnerstëtzt also beim Léieren a léiert d‘Kanner doriwwer eraus och, wéi e verantwortungsvollen Ëmgang mat engem Déier ass. Den Hond huet eng ganz positiv Wierkung op d’Schüler, et ass Rou an Entspanung an der Klass an et gëtt fläisseg matgeschafft, dovu konnt sech och d’Ekipp vum Magazin iwwerzeegen, déi d’Emmi a seng Klass de Cycle 4 besicht hunn.

E Méindeg den Owend 19 Auer op der Télé gesitt der, wéi d’Emmi de Kanner hëlleft richteg Spaass um Léieren ze hunn.

Back to Top
CIM LOGO