
Den 3. Mee ass d’Tapir-Damm Fahéj aus dem Zoo Györ aus Ungarn an den Dortmunder Zoo geplënnert an huet kuerz drop e viralen Hype ausgeléist.
Iwwer 800.000 Mënschen hu sech d’Foto vum 2 Joer ale Weibchen ugekuckt, respektiv se gouf iwwer 170.000 Mol ugeklickt, krut iwwer 6.000 Likes a wäit iwwer 14.000 Kommentaren. Fir den Zoo war et deen erfollegräichste Post iwwerhaapt.
An dat verdankt den Zoo dem Marcel Stawinoga, engem Guide. Hien huet déi eemoleg Foto geknipst, déi d’Fahéj beim sougenannte “Flehmen” weist, eng Manéier fir e Geroch opzehuelen an dobäi déi iewescht Lëps an d’Luucht gezu gëtt. Bei der Momentopnam gesäit et aus, wéi wann d’Déier laacht an dat onverkennbaart Grinsen ass elo wäit iwwer déi däitsch Grenze bekannt.