
Deen éischte klenge Bier wier um 10.15 Auer op d’Welt komm, deen Zweete knapp 20 Minutte méi spéit. Fir d’Äisbieren-Elteren Sizzel an Akiak ass et den éischten Nowuess.
D’Sizzel wier eng fantastesch Mamm a géif sech gutt ëm hir Klenger këmmeren, sou den Zoo. D’Bieren-Kanner wiere gesond a monter, an anerer Wierder, déi éischt kritesch Deeg hu si iwwergestanen. Ma nach muss d’Famill déi nächst 3 Méint dobanne bleiwen. Ofhängeg vum Wierder an hirem Gesondheetszoustand, dierfen d’Jongdéieren an hir Mamm fréistens uganks Mäerz eraus.