Well verschidden Ziichter hir Hënn baussen am Auto an der praller Sonn ouni Waasser gelooss haten, hat d’Veterinär-Inspektioun der Expo viru 4 Joer souguer Geneemegung refuséiert.
Wei gëtt dat Ganzt kontrolléiert, u wéi eng Oplage mussen d’Hondsbesëtzer sech halen?
Zanter ugangs der Woch lafen d’Preparatiounen. An den Halen 8 a 9 wäerten dëse Weekend ganz vill Hënn ze bestaune sinn. Et ginn allerdéngs gewësse Konditioune, fir däerfen un dëser Expo deelzehuelen.
An de Joren 2017 an 2018 koum et zu Verstéiss. Honds-Proprietären haten hir Véierbeener trotz Hëtzt bei zouenee Fënsteren am Auto sëtze gelooss. Dat huet deemools Déiereschützer op den Terrain geruff.
Eng 4.100 Hënn presentéiere sech elo der Jury iwwer den Ouschterweekend an den Halen vun der Luxexpo. Zil ass et, den Hond zur Zuucht zou ze loossen.
D’Leit vun der Veterinärsinspektioun wäerten d’Päss vun den Hënn kontrolléieren. Um Parking hält eng Ekipp vum Organisateur d’Autoen vun den Exposanten am A. Fält hinnen eppes op, gëtt reagéiert.