Op Besuch beim HondscoifferD’Fleeg vum Fell soll kee Luxus sinn

RTL Lëtzebuerg
Mir hu bei engem Salon de toilettage nogefrot, op wat een oppasse muss bei der Fellfleeg.
© Muppen Eck

D’Kämmen an d’Biischte vum Mupp gehéiert zur Grondfleeg. Et ass besser, dat kuerz a méi dacks ze maachen, wéi méi seelen a méi laang. An deem Fall kéint dat da mat Péng fir de Véierbeener verbonne sinn. Et erkennt een dann och net esou séier falls en Hautirritatiounen, Parasitten oder eventuell Blessuren huet. D’Fell selwer schützt den Hond viru Keelt a virun UV-Stralen. D’Haut ass dat gréissten Organ an hiren Zoustand huet e groussen Afloss op de Pelz. Säi Mupp fleegen, ënnerstëtzt och d’Bindung tëscht Mënsch an Déier. An engem Salon de toilettage kann ee Rotschléi kréie fir déi néideg Fleeg vu sengem Mupp. Net fir all Rass sinn dës d’selwecht, esou d’Marieke Espagnet vum Muppen Eck vu Wolz.

Do ginn et der mat glaten Hoer, mat rauen Hoer, ouni, respektiv mat Ënnerwoll, laangt Fell, wat deels gekrauselt ass, an och laangt Fell, wou kee Pelzwiessel ass. Déi eng mussen d’Fell getrimmt, geschuer, gekämmt oder geschnidde kréien. Och bei deene Rassen, déi keng Buuschte verléieren, muss d’Fell gefleegt ginn, fir Knetzelen oder Verfilzungen z’evitéieren. Dozou zielen de Puddel, de Bichon, de Kerry Blue, de Soft Coated Wheaten Terrier a bal all déi, wou Puddel mat dran ass, wéi Labradoodle, Goldendoodle, Maltipoo oder Cockapoo. Déi mat laange Buuschten, déi bal net ausfalen, mussen hiert Fell gekierzt kréien. Dëst betrëfft d’Havaneser, Lhasa Apso, Shih Tzu, Malteser, Yorkshire Terrier oder och Cotton de Tuléar. Do hält d’Aarbecht an engem Salon de toilettage awer net op. Wann e Mupp eng Allergie, Ausschlag, schlechte Pelz oder Haut huet, gëtt versicht, dee Problem ze léisen. Et ginn och ëmmer méi Hënn, déi eng Allergie hunn. Zesumme mam Proprietär vum Véierbeener gëtt dann no enger Léisung gesicht, wéi eventuell d’Fudder ëmzestellen oder datt beim Toilettage speziell Produiten an den Asaz kommen, fir eventuell Irritatiounen ze calméieren. Si versichen d’Clientë mat Rot zur Säit ze stoe fir déi alldeeglech Fleeg vum Pelz vun hirem Mupp.

De Beruff Hondscoiffer

Réischt zënter September 2019 ass dëse Beruff hei zu Lëtzebuerg unerkannt. Fir d’Theorie muss een an d’Ausland goen a fir d’Éislek bitt sech do Léck un, esou d’Marieke Espagnet. Am Ganzen dauert d’Ausbildung 3 Joer, woubäi de prakteschen Deel hei am Land ka gemaach ginn. Wéi bei all Handwierk léiert een och an dësem Beruff ni aus, sief et bei den Techniken, fir ze schneiden, bei de Produiten oder och beim Ëmgang mat de Muppen. Gewéinlech decidéiere sech Persounen, dëse Beruff ze léieren, déi scho mat Hënn gewinnt sinn. D’Léift zu dësen Déiere brénge si dozou Hondscoiffer ze ginn.

Am Salon muss een ëmmer fir Sécherheet suergen, net nëmme géintiwwer dem Mënsch, mä och ënnert de Muppen. Et sinn Déieren an dat muss ee sech ëmmer bewosst sinn. Do treffe méi Hënn openeen, wou dann och Aggressioune kënne virkommen. Do dernieft muss opgepasst ginn, datt eng leefeg Mudder net op een net-kastréierte Ritt trëfft.

Aggressiv Muppe kréien e Maulkuerf un. Dëst ass eng Sécherheetsmoossnam, well ee beim Toilettage ganz no um Mupp drun ass, sief dat driwwer oder drënner. Et däerf een och an deem Fall keng Angscht empfannen an et soll een d’Rou behalen. Esou léieren dës Muppen och mat der Zäit, datt si net mat deem Verhalen duerchkommen. Da ginn et awer Muppen, déi bal nach méi schlëmm sinn, well se onberechenbar sinn, an zwar Angschtmuppen. Am Salon erkenne se dat direkt a mat den néidege Precautiounen, Gedold an Zäit klappt d’Fleeg vun dëse Muppen och, erkläert d’Marieke Espagnet weider. Si hunn och scho ganz positiv Erfarunge mat sou Muppe gemaach. Mat der Zäit, wa se reegelméisseg an de Salon kommen, an der Zesummenaarbecht mam Meeschter, hunn dës Muppe kee Maulkuerf méi gebraucht.

Witzeg Situatioune ginn et ëmmer erëm, zum Beispill, wann e Proprietär sech fir säi Mupp eng Frisur vun enger anerer Rass wënscht, déi guer net bei de Pelz vu sengem Hond passt. Trotzdeem versiche si awer ëmmer, sou wäit et méiglech ass, d’Wënsch vun de Clienten z’erfëllen.

Am Salon de toilettage zu Wolz gëtt vill gelaacht a keen Dag ass wéi deen aneren.

Back to Top
CIM LOGO