
Den Entreprener Charl Jacobs wëll den digitalen Har un eng Stëftung fir seng Kanner iwwerginn. Am Fall, datt et Nashörner eng Kéier net méi géif ginn, hätt hien ëmmer nach ee Rhinozeros-Har, well den NFT fir de richtegen Har steet. NFTen sinn “Non-Fungible Token”, déi net-materiell digital Eegentumsrechter duerstellen an net austauschbar sinn.
Den Erléis vum Verkaf wäert dann un de privaten Aartschutzprojet “Black Rock Rhino” goen, deen an engem Schutzgebitt 200 Nashörner viru Jeeër schützt. Eleng an den éischte sechs Méint vun dësem Joer hu Jeeër op d’mannst 249 Nashörner ëmbruecht, 83 méi wéi am éischten Hallewjoer 2020.
De Jeeër geet et ëm d’Hare vun den Nashörner, déi zwar wéi Fangerneel nëmmen aus Keratin bestinn, mä an der traditioneller Medezin an Asien als Heel- a Potenzmëttel gëllen. Donieft ginn d’Haren als Auszeechnung gehandelt, déi e Sinnbild fir Räichtum a Succès wieren.