Fossilt Ee entdecktDinosaurier-Embryo prett, fir wéi e Vull ze schlüpfen

RTL Lëtzebuerg
Eng eenzegaarteg Entdeckung an engem fossillen Ee: e gutt erhalenen Dinosaurier-Embryo. De "Baby Yingliang" verréit Detailer iwwer d'Entwécklung vu Vullen.
Rekonstruktioun vum Dinosaurier am Ee.
Rekonstruktioun vum Dinosaurier am Ee.
© AFP/Handout

Datt Vullen an Dinosaurier eng matenee Famill sinn, wësse Fuerscher scho laang. Dowéinst ass et net verwonnerlech, datt Paleontologen an der Vergaangenheet ëmmer rëm Dino-Näschter an Dino-Eeër entdeckt hunn.

Ma lo huet eng Entdeckung fir Opmierksamkeet gesuergt, déi aussergewéinlech gutt erhalen ass. An engem Ee huet een en Embryo fonnt, dee warscheinlech kuerz virdru war op d’Welt ze kommen. Dat hu Fuerscher vun der China University of Geosciences zu Peking am Fachmagasinn “iScience” publizéiert.

D’Dinosaurieree gouf vum Personal aus dem Musée identifizéiert a preparéiert. Zum Virschäin koum en aussergewéinlech gutt erhalenen Embryo. Dat vu Kapp bis Schwanz geschate 27 Zentimeter laangt Déier louch zesummegedréckt am Ee vu ronn 17 Zentimeter Längt. Esou Entdeckunge wieren extreem rar a meescht net komplett. Donieft sinn d’Schanke meeschtens net méi am Ee dran. D’Fuerscher, zu deenen och Wëssenschaftler vun der University of Birmingham gehéieren, hunn d’Déier “Baby Yingliang” gedeeft.

Dat fossilt Ee mat de Schanke vum Dinosaurier.
Dat fossilt Ee mat de Schanke vum Dinosaurier.
© AFP/Handout

De “Baby Yingliang” gehéiert zum Grupp vun den Oviraptorosaurier, déi enk mat Vulle Famill sinn an hinnen extreem änlech sinn. D’Déieren ouni Zänn sinn deemools op zwee Bee gelaf, d’Gréisst huet tëscht där vun engem Schnuddelhong bis zu aacht Meter groussen Exemplairen variéiert. Wéinst hirer Schniewelform kéint een dovun ausgoen, datt si sech vu Planzen erniert hunn, et awer och Allesfrësser gouf.

Den Embryo, dee lo fonnt gouf, ass warscheinlech tëscht 72 a 66 Millioune Joer al. Domat kënnt en no un d’Enn vun den Dinosaurier erun. Esou wéi en a sengem Ee zesummegerullt ass, géing en ausgesinn wéi e Vullebëbee, wat e weider Beweis wier, datt vill Eegenschaften, déi fir déi haiteg Vulle charakteristesch sinn, sech vir d’éischt bei hiren Dinosauriervirfaren entwéckelt hunn.

Tatsächlech faszinéiert virum allem d’Haltung vum Déier, déi bis ewell ni bei sou Dinosaurier gesi gouf. Et huet charakteristesch d’Positioun ageholl, déi ee vum Schlüpfe vun haitege Jippelcher kennt a bis ewell nëmme Vullen zougeschriwwe gouf. Jippelcher si bekannt dofir, datt si kuerz virum Brieche vun der Eeërschuel eng gekippten Haltung anhuelen, déi vum zentralen Nervesystem gesteiert gëtt. Dobäi krëmme si hire Kierper a bréngen de Kapp an eng Positioun ënnert de Flilleken. Embryoen, déi dës Haltung net erreechen, hunn e gréissere Risk, kee Succès beim Schlüpfen ze hunn an doduerch ze stierwen.

Méiglecherweis huet sech dat Verhalen scho méi fréi entwéckelt, wéi ee bis ewell ugeholl huet. Genee Informatioune kéinten awer nëmmen duerch Analyse vun aneren Oviraptorosaurier-Embryoe geliwwert ginn, déi awer relativ rar sinn. Virop wéilten d’Fuerscher dowéinst de “Baby Yingliang” nach méi genee analyséieren an dobäi verschidde Methoden asetzen.

Back to Top
CIM LOGO