
D’lescht Joer am Mee ass de Partenariat tëscht der Lëtzebuerger Déiereschutzliga an Hope4Paws ënnerschriwwe ginn. Hope4Paws hëlt engersäits Farmdéieren op, déi d’Déiereschutzliga zu Gaasperech duerch eng Saisie rakritt. Dëst kënne Kéi, Päerd, Geessen an och Iesele sinn. Zu Gaasperech hu si net d’Méiglechkeet, fir esou grouss Déieren an d’Fleeg ze huelen. Och wa si op verschiddene Plaze Boxe loune kéinten, ass domadder d’Fro vun der Fleeg eben nach net gekläert. En Ënnerdaach kréien dës Déieren da bei Hope4Paws a si ginn do och gutt versuergt. Do gëtt da versicht, eng nei Famill fir si ze fannen, esou d’Valérie Tonon. Neierdéngs kommen och Hënn a Kazen, déi net méi vermëttelt kënne ginn, well se krank sinn oder ze al sinn, op de “Gnadenhaff” vun der Lëtzebuerger ASBL, déi 2020 gegrënnt sinn ass. Dës Déiere kënnen dann de Rescht vun hirem Liewen do verbréngen.
Rezent hu si eng krank, rout Kaz iwwert dee Wee kritt. Dann hate si och en eeleren, däitsche Schéiferhond op 3 Patten, dee säi Liewensowend bis dëse Januar do verbruecht huet. Et war zwar eng eeler Koppel un dësem Hond, dem Memory, interesséiert, awer op Grond vu sengem méi schwierege Charakter war eng Adoptioun net méiglech. A jonk Leit wëlle sech éischter e méi jonke Mupp an d’Haus huelen. E weidert Beispill si 7 Geessen, déi als éischt nach sozialiséiert solle ginn a si sollen am beschte Fall duerno weider vermëttelt ginn. Falls sech do keng nei Famill fënnt, da bleiwe si och op der Farm hei Hope4Paws. Déi Geesse waren am Ufank méi fäertereg wéi se lo haut sinn. Duerch vill Kontakt mat den Déieren, se vill heemelen, erreecht d’Valérie Tonon, datt se de Mënsche géintiwwer méi zoutraulech ginn. Mat 2 Ieselen, déi si adoptéiert huet, ass si dowéinst dann och dacks spadséiere gaangen, fir datt se méi Chancen hunn, fir adoptéiert ze ginn. Deen Ament brauch déi nei Famill sech net méi dorëmmer ze bekëmmeren.
Och wëll Kaze gi vun der ASBL opgeholl. Si hunn op engem Terrain, deen no beim Bësch ass, extra en Haische fir dës Kazen opgeriicht. Accès hu se duerch eng Kazeklapp. Si kënne sech esou, besonnesch och nuets, a Sécherheet fillen a si ginn do reegelméisseg gefiddert. Déi Kazen hunn et och do am Wanter gutt waarm, et sinn nämlech och Kierfercher an Decken do. Ronderëm dëst Haischen ginn och op Plazen, déi iwwerdaacht sinn, Krocketten, naasst Fudder, Waasser a Mëllech hi gestallt. Wëll Kazen, déi d’Associatioun iwwert den Déiereschutz kritt, si virdru geimpft a steriliséiert ginn, éier se op deen Terrain kommen.
Fir e Päerd war de leschte Moment en Adoptant fonnt ginn, nach éier et bei Hope4Paws sollt transportéiert ginn. Dëst sinn dann natierlech déi Fäll, déi an d’Kategorie “Happy End” kommen, iwwer déi d’Valérie Tonon sech dann och richteg freet.