Kuerz d’Nues an de Wand gestreckt an ee groussen Applaus vun de Visiteure genoss, do stoung dem Murmeldéier Phil seng Wiederprevisioun fest: De Wanter wäert an den USA nach sechs Woche laang daueren.
De “Groundhog Day” huet an den USA eng laang Traditioun. Zanter 1887 gëtt all Joer um 2. Februar am US-Bundesstaat Pennsylvania de Jugement vun engem Murmeldéier gefrot. Dofir ginn d’Déieren, déi Wanterschlof halen, aus hirem Bau gelackelt. Wa si hire Schied gesinn - wann d’Sonn also schéngt -, da soll de Wanter dem Brauch no nach sechs Wochen daueren.
Dem “Punxsutawney Phil” seng Previsioune waren an der Moyenne iwwert déi lescht 10 Joer allerdéngs just a 40 Prozent vun de Fäll richteg, esou den amerikaneschen National Center for Environmental Information. Wat dorunner leie kéint, datt de “Punxsutawney Phil” eben ee Murmeldéier ass, a keen ausgebilte Meteorolog.
Fir d’Leit an den USA ass Genauegkeet vum Phil senge Previsiounen awer esou oder esou éischter niewesächlech - et ass virun allem ee flotte Brauch, deen drop hoffe léisst, datt een déi kal Deeg geschwënn hannert sech loosse kann.