Vu Singapur op LondonDo war een ze liddereg, fir selwer ze fléien: Villchen hëlt de Fliger

RTL Lëtzebuerg
Bei engem Fluch vu Singapur op London hat sech e blanne Passagéier u Bord geschlach.

U sech ass et en normale Linnefluch vu 14 Stonnen, d’Streck vu Singapur op London. Ma beim Singapore Airlines Fluch vum leschte Méindeg war d’Situatioun e bësse méi speziell. E klenge Villchen hat sech u Bord geschlach an ass matgeflunn.

Natierlech ass d’Déier net Economie geflunn, wa ee schonn sech u Bord schmuggelt, mécht een dat an der Business Class. 12 Stonne laang war hien onentdeckt bliwwen, just déi lescht 2 Stonnen huet hie sech gewisen.

Zesumme mat der Hëllef vu Passagéier konnt de Villchen agefaange ginn an e koum an d’Déierquarantän um Fluchhafe London Heathrow.

Wéi d’Déier u Bord koum a wou et sech 12 Stonne konnt verstoppen, ass nach net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO