Bei den Europaspiller zu Minsk war Konschtturnen mam Céleste Mordenti och eng Lëtzebuergerin am Asaz.

Um Enn kënnt déi 16 Joer jonk Turnerin op den Europaspiller, hirem éischte richteg groussen Multisportevenement, mat engem Total vu 45,466 Punkten op de 4 Geräter op déi 29. Plaz ënner 41 Konkurrentinnen.

VIDEO: Céleste Mordenti am Konschtturnen am Asaz
D'Lëtzebuergerin ass um Enn déi 29. ginn.
AUDIO: 2 Medaillen zu Minsk: De Reportage vum Franky Hippert