Diddeleng geet zu Steesel ënner, Bartreng bleift ongeschloen
© Jeff Kettenmeyer
Um Samschdeg war den Optakt vum 6. Spilldag an der Enovos League bei den Hären.
Hären
D'Amicale Steesel huet doheem géint den T71 Diddeleng ganz staark ugefaangen a louch nom éischte Véierel 35:14 a Féierung. Den Alex Laurent a Co. hunn de Rhythmus héich gehalen an de Virsprong bis zur Paus op 56:32 erhéicht. Trotz dem Comeback vum Ivan Delgado no senger Verletzungspaus konnt Diddeleng keng Reaktioun méi weisen an huet um Enn iwwerraschend kloer mat 55:100 verluer. Bei der Lokalekipp huet den Alex Laurent mat 29 Punkten iwwerzeegt, de Malcolm Richardson konnt 24 Punkten zur klorer Victoire vu Steesel bäisteieren.
D'Sparta bleift als eenzeg Ekipp ongeschloen. D'Gäscht vu Bartreng setze sech mat 103:93 bei de Kordall Steelers duerch. Den Jarvis Williams war eemol méi beschte Scorer mat 25 Punkten a gouf vum Nationalspiller Max Logelin mat 24 Punkten ënnerstëtzt. Fir d'Steelers huet mam Andre Snoddy en neie Profispiller agéiert.
Weiderhin ouni Victoire ass den AB Conter, d'Gäscht verléieren 62:84 zu Esch. Schonn nom éischte Véierel louch d'Lokalekipp 31:13 a Féierung. 25 Punkten goungen op de Kont vum Jordan Hicks beim Basket Esch.
En enke Match hunn d'Zuschauer op der Musel gesinn. D'Arantia Fiels setzt sech um Enn 96:92 géint d'Pikes duerch. De Michael Anthony Carter hat 34 Punkten um perséinleche Kont stoen a konnt och fir spektakulär Aktiounen am Match suergen.
Dammen
Bei den Damme gouf de komplette 6. Spilldag um Samschdeg gespillt. Den T71 Diddeleng bleift ongeschloen an huet domat géint all Géigner aus der Enovos League schonn eemol gewonnen. Zu Steesel gouf den T71, deen ouni d'Profispillerin Lauren Van Kleunen ugetrueden ass, allerdéngs bis zum Schluss gefuerdert, well d'Lokalekipp am leschte Véierel nach emol geféierlech no erukomm ass. Um Enn wënnt Diddeleng 72:68, dat ënner dem Impuls vum
Shalonda Winton, si konnt 23 Punkte markéieren.
Keng Schwieregkeeten hat d'Sparta Bartreng, fir sech auswäerts mat 91:57 géint d'Musel Pikes ze behaapten. D'Jordan King (20 Punkten, 10 Rebounds, 9 Assists) huet just knapp en "triple double" verpasst an d'Gäscht hu mat engem staarke Kollektiv iwwerzeegt. D'Lokalekipp vun der Musel bleift domat ouni Victoire.
Tëschent dem Basket Esch an dem AB Conter stoung et no 30 Minutte 56:56 gläich. Am leschte Véierel huet Esch awer de Rhythmus fonnt, eng staark Jovana Jaksic (33 Punkten) huet dofir gesuergt, dass d'Lokalekipp dës Partie mat 83:71 gewanne konnt.