Schockmoment fir d'Lëtzebuerger Delegatioun um leschten Dag vun de Kompetitiounen op den Europaspiller zu Minsk am Karate fir d'Jenny Warling.

D'Europaspiller zu Minsk gi sou lues dem Enn entgéint. E Sonndeg de Moien um 8 Auer Lëtzebuerger Zäit, war awer nach eng Kéier um leschte Kompetitiounsdag, eng Cosl-Athletin am Asaz. D'Jenny Warling konnt an hirer Grupp déi zweet Plaz erreechen a steet an der Halleffinall zu Minsk. An hirer Grupp huet d'Lëtzebuergerin een 0:0-Remis géint d'aktuell Weltmeeschterin Dorota Banasczcyk aus Polen a géint d'Vizeweltmeeschterin Jana Bitsch aus Däitschland erausgeholl.

Am leschte Gruppematch hat si et du mat der Lokalmatadorin Irina Sharykina ze dinn. D'Europameeschterin gouf vun der Wäissrussin Irina Sharykina K.O. geschloen an huet misse kuerz virum Schwaachfale vum medezinesche Personal mat der Drobir aus der Hal bruecht ginn. Allerdéngs ass d'Wäissrussin disqualifizéiert ginn, esou dass d'Jenny Warling mat 4:0 gewënnt a sech esou nieft dem Jana Bitsch fir d'Halleffinall qualifizéiere konnt.

Well d'Lëtzebuergerin awer net méi ka kämpfen, kritt si automatesch d'Bronzemedail, wéi d'Organisateuren dem Nationaltrainer Michael Lecaplain confirméiert hunn.

Déi 25 Joer al Cosl-Athletin gouf bis an d'Spidol gefouert. Do koum awer elo Entwarnung. Et ass näischt gebrach, oder soss schlëmmer Schied. D'Jenny Warling huet eng liicht Gehirnerschütterung an ass elo schonn zeréck am Athletenduerf, wou si ënnert der Opsiicht vun der Lëtzebuerger Dokter Lara Heinz Repos verschriwwe krut.

D'Jenny Warling huet et sech e Sonndeg am Nomëtteg awer net huele gelooss, fir d'Bronzemedail selwer an Empfang ze huelen.

VIDEO: Interview mam Michael Lecaplain, Trainer Jenny Warling
.....
AUDIO: Den Trainer Michael Lecaplain

De Sportsminister Dan Kersch felicitéiert dem Jenny Warling fir hir gutt Performancen an engem Schreiwes

Cher Jenny,

Après ton titre de championne d'Europe, te voilà récompensée aux Jeux européens par une médaille en bronze qui aurait pu prendre une autre couleur aussi, sans les circonstances malheureuses de ton dernier combat en poule qui t'ont forcée à renoncer à poursuivre la compétition en demi-finale.

Bravo pour les remis arrachés préalablement  à la championne du monde et à la vice-championne du monde en titre, Bravo aussi pour la médaille de bronze ainsi conquise par défaut alors que tu restais en course pour l'or!

En ces moments heureux pour l'esprit mais douloureux pour le corps, je t'adresse mes plus vives félicitations pour cette 3e médaille obtenue par la délégation luxembourgeoise aux Jeux européens de Minsk et je te souhaite surtout un prompt et complet rétablissement  afin de pouvoir poursuivre ton chemin vers les  J.O. de Tokyo 2020.

s. Dan Kersch
Ministre des Sports