 
                    © AFP (Archiv)
De Christophe Tholl gewënnt an 2 Sätz géint de Gilles Kremer an d'Mandy Minella setzt sech ouni Problemer géint d'Tatiana Silbereisen duerch.
Um 1.Dag vum FLT Masters 2021 gouf et erwaarte Victoiren an awer och verschidden Iwwerraschungen:
Am Dubbel bei den Dammen war et den Out fir déi op Nummer 1 gesaten Claudine Schaul an TiffanyCornélius. Si verléieren hir Halleffinall géint Brdarevic/Zuidberg 6-4 4-6 7-10 a sinn domadder eliminéiert.
Am Simpel konnt d'Mandy Minella beim éischten Optrëtt beim FLT Masters iwwerzeegen a setzt sech 6-1 6-1 am 1. Poulematch géint d'Tatiana Silbereisen duerch.
Mat Spannung hat een op de Match Gilles Kremer géint de Christophe Tholl gewaart, an hei war et um Enn eng relativ kloer Victoire vum Christophe Tholl mat 6-3 6-2 géint säi Clubkolleeg vun der Schéiss.
En Donneschdeg an e Freideg, geet et weider mat de Poulematcher.
Hei all d'Resultater vum Mëttwoch
Group A (H)
 Robi Tholl -Daniel Pinto: 6-3 6-4
 Charles Berna – Alex Feider: 6-2 6-2
Group B (H)
 Laurent Schroeder – Victor Bourguignon: 6-4 6-3
 Christophe Tholl – Gilles Kremer: 6-3 6-2
Group A (D)
 Mandy Minella – Tatiana Silbereisen: 6-1 6-1
 Marie Weckerle – Kylie Merlevede: 6-2 6-0
Group B (D)
 Tiffany Cornélius - Erna Brdarevic: 6-4 6-2
 Lucie Rabiot – Liz Baddé: 7-6 6-4
Doubles Messieurs
 Tholl / Tholl – Kunsch / Pinto: 6-2 6-2
Doubles Dames
 Schaul / Cornélius – Brdarevic / Zuidberg: 6-4 4-6 7-10
 
                     
                     
                     
                    