 
                    © AFP (Archiv)
Am Duell vun de Fed Cup Spillerinne gewënnt d'Favoritin op den Titel, Mandy Minella, géint hir jonk Teamkomerodin Marie Weckerle an 2 Sätz.
Dat mat 6:2 a 6:2, wärend d'Titelverdeedegerin Tiffany Cornélius sech mat 6:1 a 6:2 géint d'Liz Baddé behaapt.
Bei den Hären hunn d'Gebridder Tholl och um Donneschdeg hir Simpel Matcher gewonnen. Si hunn ënnerstrach, datt de Wee fir den Titel dëst Joer wuel just iwwer si feiert. De Charles Berna spillt no sengen zwou Optaktvictoiren e Freideg am direkten Duell ëm d’Plaz 1 an der Poule A géint de Robi Tholl. De Gilles Kremer konnt no der Optaktnéierlag, säin 2. Match an der Poule B mat 6:3 a 7:5 géint de jonke Laurent Schroeder gewannen. Hei bleift et spannend.
De laangjäregen Davis Cup Partner vum Gilles Muller, de Mike Scheidweiler, spillt zesumme mam Tom Diederich ëm den Doubel Titel. Béid Spiller konnten hire Match 4:6, 7:5 an 10:8 géint d'Spora Spiller Berna a Weckerle gewannen a stinn deemno an der Final de Weekend.
Bei den Damme konnte Silbereisen a Merlevede sech den Ticket fir d'Final duerch ee 6:3 a 7:5 géint Pinto a Savic sécheren.
Um Freideg Owend vun 18h30 un, sinn déi lescht Poulematcher an do falen dann d'Entscheedungen, wien um Weekend an den Halleffinallen untrieden dierf.
Hei all d'Resultater vum Donneschdeg:
Group A (H)
 Robi Tholl -Alex Feider: 6:3 6:3
 Charles Berna – Daniel Pinto: 6:3 6:0
Group B (H)
 Christophe Tholl – Victor Bourguignon: 6:3 6:2
 Gilles Kremer - Laurent Schroeder : 6:3 7:5
 Group A (D)
 Mandy Minella – Marie Weckerle: 6:2 6:2
 Tatiana Silbereisen – Kylie Merlevede: 6:3 6:2
 Group B (D)
 Tiffany Cornélius - Liz Baddé: 6:1 6:2
 Lucie Rabiot - Erna Brdarevic : 6:4 6:3
Doubles Messieurs
 Diederich / Scheidweiler - Berna / Weckerle: 4:6 7:5 10:8
 Doubles Dames
 Merlevede / Silbereisen - Pinto / Savic: 6:3 7:5
 
                     
                     
                     
                    