Um Samschdeg spille bei den Hären an den Halleffinallen de Charles Berna géint Gilles Kremer an de Robi Tholl géint de Christophe Tholl.

Am direkten Duell ëm déi éischt Plaz an der Grupp A, stounge sech de Robi Tholl an de Charles Berna géinteniwwer.  Hei konnt sech de Spora Spiller Berna, iwwerraschend kloer mat 6-1 a 6-2 duerchsetzen an esou d’Poule A virum Robi Tholl gewannen.

An der Poule B, gewënnt den Titelverdeedeger Gilles Kremer 6-4 a 6-2 géint de Victor Bourguignon, iwwerdeems de Christophe Tholl géint de Laurent Schroeder an 2 Sätz 6-3 a 6-0 gewënnt. Doduerch ergëtt sech an der Poule B, datt de Christophe Tholl souverän an ouni Matchverloscht op der éischter Plaz ofschléisst an de Gilles Kremer den Zweete gëtt.

Um Samschdeg spille bei den Hären an den Halleffinallen de Charles Berna géint Gilles Kremer an de Robi Tholl géint de Christophe Tholl. Gespillt ginn des 2 Halleffinallen um 14 Auer am nationalen Tennis Center zu Esch.

Bei den Damme konnte sech an der Poule A déi zwou Fed Cup Spillerinne Mandy Minella géint Kylie Merlevede mat 6-3 a 6-0 a Marie Weckerle géint d'Tatiana Silbereisen mat 6-1 a 6-2 kloer duerchsetzen. D'Mandy Minella kënnt an der Grupp A op déi éischten an d'Marie Weckerle op déi zweete Plaz.

An der Grupp B konnt sech d'Tiffany Cornélius 6-2 a 6-1 géint d'Lucie Rabiot duerchsetzen a gewënnt de Grupp B. An den Halleffinalle heescht Géignerin Marie Weckerle. D'Lucie Rabiot trëtt zäitgläich géint d'Mandy Minella un.
Gespillt ginn d'Halleffinalle bei den Dammen um 15h30 am CNT zu Esch.

No den Halleffinallen am Eenzel ginn dann d'Dubbelfinallen um Samschdeg gespillt. Hei spille bei den Dammen vu 17.30 Auer un d'Erna Brdarevic an d'Isabel Zuidberg géint Kylie Merlevede an Tatiana Silbereisen.

Bei den Häre spillen den Tom Diederich a Mike Scheidweiler géint d'Gebridder Tholl.

Hei all d'Resultater vum Freideg:

Group A (H)
Charles Berna - Robi Tholl: 6-1 6-2
Alex Feider – Jason Moris: 3-6 6-4 10-8

Group B (H)
Christophe Tholl – Laurent Schroeder : 6-3 6-0
Gilles Kremer - Victor Bourguignon: 6-4 6-2

Group A (D)
Mandy Minella – Kylie Merlevede: 6-3 6-0
Marie Weckerle - Tatiana Silbereisen : 6-1 6-2

Group B (D)
Tiffany Cornélius - Lucie Rabiot: 6-2 6-1
Liz Baddé - Erna Brdarevic : 3-6 7-6 10-6