© AFP (Archiv)
E Samschdeg goufen am nationalen Tennis Center zu Esch d'Eenzel-Halleffinalle vun den FLT Masters gespillt.
Bei den Damme stoung d'Mandy Minella dem Lucie Rabiot géintiwwer. D'Lëtzebuerger Nummer 1 huet hei näischt ubrenne gelooss a sech bei hirer éischter FLT-Masters-Participatioun den Ticket fir d'Finall duerch en 2-Saz-Succès (6:0 a 6:0) geséchert. Déi zweet Halleffinall war den Duell vun den 2-Fed-Cup-Spillerinne Marie Weckerle an Tiffany Cornélius. Hei konnt sech déi jonk Spora-Spillerin géint déi erfuere Spillerin vun der Schéiss ganz kloer 6:1 a 6:1 duerchsetzen.
An der Finall vun den Damme sti sech e Sonndeg de Mëtteg vun 13.30 Auer un deemno d'Mandy Minella an d'Marie Weckerle géintiwwer.
Bei den Häre war kloer, dass ee vun de Gebridder Tholl an d'Finall géif kommen. Duerch eng relativ souverän Victoire an 2 Sätz mat 6:3 a 6:4 vum Christophe Tholl géint säi Brudder Robi konnt hie sech um Enn eng Plaz an der Finall sécheren. Säi Géigner ass den Titelverdeedeger Gilles Kremer. Hien huet sech no 3 Stonnen an 3 Sätz mat 7:6 5:7 a 6:0 géint de Charles Berna behaapt.
D'Härefinall tëscht dem Gilles Kremer an dem Christophe Toll ass e Sonndeg de Mëtteg um 16 Auer.
Um Samschdeg goufen dann awer och d'Finallen am Dubbel gespillt. Hei sinn d'Titele bei den Hären un den Duo Tholl / Tholl duerch en 2-Saz-Succès (6:3 a 7:5) géint d'Koppel Scheidweiler / Diederich gaangen a bei den Damme konnt den Duo Silbereisen / Merlevede feieren. Si hu sech an 2 Sätz mat 6:1 a 6:2 géint den Duo Zuidberg / Brdarevic duerchgesat.
Hei all d'Resultater vum Samschdeg
Dammen Halleffinallen
Mandy Minella – Lucie Rabiot: 6:0 6:0
Marie Weckerle - Tiffany Cornélius : 6:1 6:1
Hären Halleffinallen
Gilles Kremer - Charles Berna: 7:6 5:7 6:0
Christophe Tholl – Robi Tholl: 6:3 6:4
Dubbel: Finallen
Dammen: Silbereisen / Merlevede vs Zuidberg / Brdarevic: 6:1 6:2
Hären: Tholl / Tholl vs Scheidweiler / Diederich: 6:3 7:5