Am Tennis stoungen dës Woch d’FLT Master 2021 um nationalen Tennis Center zu Esch um Programm.

Nodeems e Samschdeg schonn d’Decisiounen am Dubbel gefall sinn, goufen e Sonndeg d’Gewënner am Eenzel gesicht. Bei den Damme konnt sech d’Mandy Minella bei hirer éischter Participatioun direkt den Titel sécheren. D’Lëtzebuerger Nummer 1 huet sech an der Finall an zwee Sätz mat 6:4 a 6:1 géint d’Marie Weckerle duerchgesat.

Bei den Häre stounge sech de Christophe Toll an de Gewënner vun zejoert Gilles Kremer géintiwwer. De Christophe Toll war um Enn besser a konnt sech den Titel an zwee Sätz mat 6:4 a 7:6 sécheren.

RTL

© FLT