 
                    © Roland Miny / pressphoto
Hie Géigner stinn nach net fest, well déi 2. 1/2-Finall nach net gespillt gouf. Bei den Dammen heescht d'Finall Brdarevic/Silbereisen a Weckerle/Weckerle.
Dës Woch ginn am nationalen Tennis bei den FLT Masters 2022 nees déi bescht Tennisspiller an Tennisspillerinne gesicht. E Méindeg an en Dënschdeg stoungen d'Partien am Dubbel um Programm. Hei sinn d'Finaliste gesicht ginn.
Bei den Damme maachen d'Duoen Erna Brdarevic / Tatiana Silbereisen an Amélie Weckerle / Marie Weckerle den Dubbel-Titel e Samschdeg ënnert sech aus.
An den Halleffinallen hat d'Koppel Brdarevic / Silbereisen guer net musse spillen, well hir Géignerinne Claudine Schaul an Tiffany Cornelius net ugetruede waren. Den Duo Weckerle hat sech mat 6:2, 3:6 an 10:2 géint d'Laura Correia an d'Kylie Merlevede behaapt.
Bei den Häre steet den Duo Gilles Kremer a Robi Tholl an der Finall. Si haten an der Halleffinall keng Problemer mat der Koppel Victor Bourguignon / Fabien Planchard an hu kloer mat 6:1 a 6:2 gewonnen. Hir Géigner an der Finall e sinn de Charles Berna an den Noé Plique. Si haten hir Halleffinall guer net misse spillen.
Hei fannt Dir déi komplett Resultater.
Andréck vun den FLT Masters 2022
De weidere Programm
FLT MASTERS 2022 by CARDIF LUX VIE du Mercredi 16 novembre 2022 au Vendredi 18 novembre 2022
à partir de 18h30: Matchs de poules simples
Samedi 19 novembre 2022
à partir de 13h30: demi-finales simples
à partir de 17h30: finales doubles
Dimanche 20 novembre 2022
à 14h00: finale simple dames du FLT Masters by Cardif Lux Vie
followed by: finale simple hommes du FLT Masters by Cardif Lux Vie
 
                 
                     
                     
                     
                    