© AFP (Archiv)
Dat Bescht solle ee sech bis zum Schluss halen. Am Tennis hei zu Lëtzebuerg sinn dat déi sougenannte "Masters".
Déi ginn dës ganz Woch am nationalen Tenniszenter zu Esch gespillt.
Iwwer d'Masters-Serie konnt een iwwert dat ganzt Joer Punkte sammelen, fir um Enn beim Masters mat dobäi ze sinn. 8 Hären an och 8 Spillerinnen hunn et gepackt fir sech ze qualifizéieren. Déi spillen all Kéier a véierer Poulen géinteneen.
De Claude Lamberty, President vun der Tennisfederatioun:
Mir hu Jonker dobäi, mir hu méi erfuere Spiller dobäi. Mir hu bekannten Nimm, bësse mann bekannter, mee um Endeffekt sinn et ganz gutt Tennisspiller, déi um Masters untrieden an do ka jiddwereen, jiddwereen op engem gudden Dag klappen.
De Masters ass fir déi beschte Lëtzebuerger ee Must. Dat hunn déi leschte Joren ëmmer nees gewisen.
Mir hunn elo 7 Editiounen an do hunn déi grouss Nimm vum Lëtzebuerger Tennis ëmmer matgespillt: Molinaro, Minella, Kremer, Tholl. Dat heescht mir fannen als Gewënner vum Masters ëmmer déi grouss Nimm erëm. Wat natierlech flott ass.
E Mëttwoch den Owend hunn am Simpel d'Matcher an de Poulen ugefaangen.
Hei fannt Dir déi komplett Resultater.
Andréck vun den FLT Masters 2022

















































De weidere Programm
FLT MASTERS 2022 by CARDIF LUX VIE du Mercredi 16 novembre 2022 au Vendredi 18 novembre 2022
à partir de 18h30: Matchs de poules simples
Samedi 19 novembre 2022
à partir de 13h30: demi-finales simples
à partir de 17h30: finales doubles
Dimanche 20 novembre 2022
à 14h00: finale simple dames du FLT Masters by Cardif Lux Vie
followed by: finale simple hommes du FLT Masters by Cardif Lux Vie
















































