Beim FLT Masters treffen op engem Tournoi déi bescht Spillerinnen a Spiller vun der Saison openeen.

Bei den Dammen hu sech de Weekend d'Eléonora Molinaro, d'Laura Correia, d'Laura Palumbo an d'Onalee Wagner fir den Haapttableau qualifizéiert. Hei treffe si vun e Mëttwoch un an der Gruppephas op d'Else Vander Stichele, d'Lucie Rabiot, d'Leila Fabbri an d'Tatiana Silbereisen.
 
Bei den Häre ginn en Dënschdeg vun 18.30 Auer un am CNT zu Esch déi lescht 2 Spiller fir den Haapttableau ermëttelt. Hei treffen an der Phase finale vun der Qualifikatioun de Christophe Nickels op de Luc Morel an den Noé Plique op de Metti Reiter. De Gewënner qualifizéiert sech jeeweils fir den Haapttableau, fir deen den Aaron Gil Garcia, de Raphael Calzi, de Robi Tholl, de Charles Berna, de Christophe Tholl an de Gilles Kremer d'office qualifizéiert sinn.