Den Aaron Gil Garcia konnt sech géint de Christophe Nickels duerchsetzen.
Beim FLT Masters by Cardif Lux Vie um CNT zu Esch konnt den Aaron Gil Garcia, op 1 gesat, a sengem Optaktmatch vum Haapttableau eng Victoire feieren.
De Raphael Calzi huet sech dogéint missten dem Charles Berna geschloe ginn, de Gilles Kremer huet géint den Noé Plique verluer. Am véierte Match vum Dag gouf et e Mëttwoch eng Victoire fir de Robi Tholl géint säi Brudder Christophe Tholl.
Bei den Dammen huet sech d'Eléonora Molinaro géint d'Else Vander Stichele duerchgesat, iwwerdeems d'Lucie Rabiot géint d'Leila Fabbri verluer huet. Victoirë goufen et donieft och fir d'Laura Palumbo géint d'Laura Correia an d'Tatiana Silbereisen géint d'Onalee Wagner.
En Donneschdeg a Freideg sti weider Matcher vun der Gruppephas un.







