Um leschte Spilldag an der Gruppephas hu sech d'Lucie Rabiot, de Raphael Calzi an de Christophe Nickels hiren Ticket fir d'Halleffinall geséchert.

Hei sti sech e Samschdeg vum 13.30 Auer un zu Esch um CNT bei de Männer déi zwee Davis-Cup-Spiller Aaron Gil Garcia a Raphael Calzi souwéi de Charles Berna an de Christophe Nickels géinteniwwer.

Bei den Dammen treffe vu 15 Auer un d'Eléonora Molinaro an d'Lucie Rabiot souwéi d'Leila Fabbri an d'Laura Palumbo openeen.

Um 17 Auer ginn d‘Finallen am Dubbel (Christophe Tholl/Robi Tholl - Charles Berna/Noé Plique bei de Männer, Tatiana Silbereisen/Onalee Wagner - Eléonora Molinaro/Lucie Rabiot bei den Dammen) gespillt. D‘Finallen am Simpel si fir e Sonndeg vu 14 Auer u programméiert.