Nodeems e Samschdeg d'Halleffinallen am Eenzel um Plang stoungen, waren et e Sonndeg d'Finalle bei den Dammen an den Hären.

Am CNT zu Esch-Uelzecht stoungen d'ganz Woch iwwer d'national Meeschterschaften am Tennis um Programm.

E Samschdeg scho konnten de Charles Berna an den Noé Plique d'Meeschterschaft am Hären-Dubbel feieren. Si hu sech an der Finall eréischt am Tiebreak géint de Christophe Toll an de Robi Tholl duerchgesat (1:6, 6:4, 10:5). Bei den Dammen duerfte sech d'Eleonora Molinaro an d'Lucie Rabito iwwer den Titel freeën (6:1, 6:4 géint Tatiana Silbereisen/Onalee Wagner).

E Sonndeg stoung d'Molinaro och am Eenzel an der Finall, an zwar géint d'Leila Fabbri. Déi 24 Joer al Lëtzebuergerin konnt sech kloer an zwee Sätz (6:1, 6:2) géint hir Kontrahentin duerchsetzen an de Championstitel eng weider Kéier feieren.

E Samschdeg hate sech de Raphael Calzi an de Christophe Nickels jeeweils an dräi Sätz géint den Aaron Gil respektiv de Charles Berna duerchgesat. An der Finall um Sonndeg hu sech déi zwee e spannende Match geliwwert, mam besseren Enn fir den Nickels.

Den Nickels konnt den éischte Saz 6:4 fir sech entscheet, de Calzi huet am zweete Saz nogezunn (6:3), soudass et an den drëtten an decisive Saz goung. Hei konnt sech de Christophe Nickels 7:6 behaapten an eng éischt Kéier de Meeschtertitel feieren.

Am Kader vun de Finalle vum FLT Masters gouf e Sonndeg am CNT och d'Liz Conzémius, Weltmeeschterin am Blannentennis, geéiert.