
© RTL (Archiv)
Vum 21. bis den 30. Juni ass déi zweeten Editioun vun den Europaspiller zu Minsk a Wäissrussland.
Dëst Multisportevenement ass souzesoen Olympesch Spiller fir den europäeschen Kontinent. Mam Marc Theisen, fréieren President vum COSL, an aktuelle Member vum europäeschen olympesche Comité, ass och ee Lëtzebuerger, wat d'Organisatioun ugeet, concernéiert.
De Marc Theisen war an de leschte Méint méi dacks an der wäissrussescher Haaptstad. D'Lokal Organisateure sinn op jiddwerfalls prett, seet den 63 Joer ale Sportjurist. Den Infrastrukturen no kéinten d'Spiller muer ufänken, well Minsk hat an de leschte Jore vill Welt- an Europameeschterschaften, esou datt d'Sportplazen och do sinn.
Zu Baku am Aserbaidschan gouf et virun 4 Joer bei der éischter Editioun mat engem Athletenduerf richteg olympeschen Flair. Dat soll och am Juni zu Minsk esou sinn, dofir gëtt den Unisquartier, wou zu där Zäit ganz Wunngebaier eidel stinn, genotzt.
Bei dësen sougenannten Olympesche Spiller fir Europa fält op, datt een elo schonn zwee Mol an engem Land war oder wäert sinn, dat net onbedéngt no den demokrateschsten Reegelen, ma diktatoresch gefouert gëtt.
Et ass ee sech dëser Problematik bewosst, seet de Marc Theisen, Member vum europäeschen olympeschen Comité. Et ass net glécklech, well ee jo grad gemengt hat, datt Holland déi zweet Spiller géif organiséieren. Ma do hat déi national Politik e Stréch duerch d'Rechnung gemaach. A Westeuropa gëtt ebe manner an de Sport investéiert, par Rapport zu deem, wat den Ostblock oder eng Rei aner Länner ausginn.
Lëtzebuerg wäert am Dëschtennis, am Cyclissem, am Bouschéissen, am Trapp, an eventuell am Karate an der wäissrussescher Haaptstad vertruede sinn. An der Liichtathletik wäert dat net de Fall sinn. Schwamme steet guer net um Programm. Wat d'Zukunft vun dësen Europaspiller ugeet, gëtt et natierlech schwiereg, wa Kärsportaartenvun den Olympesche Spiller net dobäi sinn.
De Marc Theisen, Member vum europäeschen Olympesche Comité hofft och, datt et eng drëtt Editioun gëtt, an datt déi dann an engem westeuropäesche Land kann sinn.