No Baku am Joer 2015 ass dëst eréischt déi zweet Editioun iwwerhaapt vun den Europaspiller.

4.000 Athleten aus 50 Länner sinn dobäi. Lëtzebuerg ass mat 24 Sportler an 9 Disziplinne vertrueden. Virun der Ouvertureszeremonie de Freideg den Owend, sinn e Freideg schonn d'Lëtzebuerger Bouschéisser an de Boxer Michel Erpelding am Schwéiergewiicht bis 91 Kilo am Asaz. Och wa sech d'European Games an der Ufanksphase vun hirer Geschicht beim breede Public an Europa nach schwéier dinn, esou hu se a verschiddene Sportaarte schonn hire Stellewäert.

AUDIO: Optakt vun den Europaspiller/Reportage Franky Hippert

Am Judo sinn et hei zu Minsk, wou Lëtzebuerg mam Claudio Nunes Dos Santos vertrueden ass, zum Beispill och d'Europameeschterschaften. Am Dammen-Dëschtennis ass de Cosl mat der stäerkstméiglecher Ekipp hei, déi och fir d'Olympesch Spiller d'nächst Joer zu Tokio a Fro kënnt, esou de Chef de Mission vun der Lëtzebuerger Delegatioun Heinz Thews.

Den Heinz Thews ass sech awer bewosst, fir datt sech dës Europaspiller etabléieren, an alle Sportaarten Olympiaquoteplazen eng Kéier mussen ze kréie sinn. Dat muss een dann awer nach mat de verschiddene Weltverbänn klären.

B-mol ass, datt Schwammen zu Minsk guer net dobäi ass an d'Liichtathletik an enger spezieller Versioun, wou dann awer och kee Lëtzebuerger um Depart ass. Egal wéi hunn d'Europaspiller an de meeschte Sportaarten den Niveau vun enger Europameeschterschaft. Et ass awer duerchaus méiglech, datt Lëtzebuerg mat eppes Zielbarem heemkënnt. De Chef de Missioun wollt sech awer net ze wäit aus der Fënster leeën, wien dat kéint sinn.

Wann ee weess, datt zum Beispill am Karate d'Jenny Warling als Europameeschterin an d'Course geet, huet ee schonn eng Kandidatin. D'Bouschéisser waren op der leschter EM par Equipe Drëtt ginn an d'Christine Majerus am Dammecyclissem gehéiert jo souwisou zur Weltspëtzt.