
© Franky Hippert a Rich Simon / RTL Radio Lëtzebuerg
Ier e Freideg den Owend d'Erëffnungsfeier vun den Europaspiller ass, war en am Laf vum Dag schonn d'Bouschéisser am Asaz.
De Gilles Seywert huet am Compound eng ganz anstänneg Qualifikatioun geschoss. De Spezialist mam net-olympesche Bou kënnt mat 699 Reng op déi 5. Plaz, ënnert de 16 beschten Tireuren aus Europa. E Sonndeg ass den 1. Tour an den Eliminatoiren.
E Freideg de Moie war et un de Bouschéisser mam Recurve. An der Qualifikatioun mam Olympesche Bou koum de Pit Klein als beschte COSL-Athlet op déi 19. Plaz mat 653 Reng.
De Jeff Henckels gouf den 30. mat 645 Reng.
Beim Joé Klein ass et net esou gutt gelaf, hien gouf den 46. ënner 48 Bouschéisser mat 607 Reng.
An den Eliminatoiren e Méindeg kritt de Pit Klein et mat sengem Cousin Joé ze dinn. De Jeff Henckels schéisst géint de Belsch De Smedt. An der Ekipp koumen déi 3 op déi 8. a leschte Plaz, an mussen e Samschdeg an der Team-Kompetitioun géint den Éischte Frankräich untrieden.