D'Europaspiller zu Minsk si richteg lancéiert ... an et ass scho gewosst, wou déi nächst Editioun wäert stattfannen.

AUDIO: Europaspiller 1. Dag / Reportage Rich Simon

Um Samschdeg de Moien huet d‘Lëtzebuerger Ekipp am Bouschéisse mat Pit a Joé Klein a Jeff Henckels sech an der 1/4els-Finale, no enger ganz staarker Kompetitioun, nom Stiechen, ganz knapp mat 4-5 géint Frankräich misse geschloe ginn.

Déi 3 Tireure mam olympesche Bou hunn d‘Konschtstéck fäerdegbruecht, am 2. Saz de Maximum vu 60 Reng ze realiséieren.

En Donneschdeg hunn d'Chefs de Missions zu Minsk, fir en Zeeche fir den Ëmweltschutz ze setzen, e Beemchen am Athletenduerf geplanzt. An enger Reportage vum däitsche Tëlee-Sportsender sport1, gesäit een do och de Lëtzebuerger Missiounschef Heinz Thews.

RTL

© Screenshot

A Propos Däitschland, deenen däitsche Bouschéisser hiert Material war net zu Minsk ukomm. D‘Lëtzebuerger Bouschéisser hunn dunn ausgehollef, an hiren däitsche Kollegen hiren zweete Bou geléint.

VIDEO: Interview Jeff Henckels
...

European Games 2023

Op enger ausseruerdentlecher Generalversammlung zu Minsk a Wäissrussland, hunn d‘Presidente vun den europäeschen olympesche Komiteeën decidéiert, dass déi 3. Editioun vun den European Games zu Krakau a Polen ass.

Am RTL-Interview huet den André Hoffmann, de President vum Lëtzebuerger Olympesche Comité, gesot, dass et gutt ass, datt no Baku am Aserbaidschan a Minsk a Wäissrussland, déi nächst Editioun an engem Land vun der EU ass.

VIDEO: André Hoffmann iwwert d'Europaspiller 2023
Dës si geplangt, fir a Polen ofgehalen ze ginn.