Op de European Games zu Minsk, huet de Michel Erpelding am Boxen am Schwéiergewiicht bis 91 Kilo géint ee Boxer aus Georgien kloer mat 0:5 verluer.

Direkt am 1. Kampf op den Europaspiller gouf et eng kloer Néierlag fir de Lëtzebuerger Boxer Michel Erpelding. Schonns an der éischter Ronn gouf hien 2 Mol vum Arbitter ugezielt. Um Enn gouf et eng kloer 0:5-Defaite géint e Georgier.

Fir de Michel Erpelding sinn d'Spiller also schonns no engem Kampf eriwwer an dat ier se richteg ugefaangen hunn.

AUDIO: Europaspiller Dag -1 / Reportage Rich Simon
Éischt Lëtzebuerger bei den Europaspiller am Asaz
Virun der Erëffnungszeremonie e Freideg den Owend waren am Laf vum Dag schonn d'Bouschéisser an e Boxer am Asaz.