Zu Minsk a Wäissrussland war e Freideg den Owend d'Erëffnungszeremonie vun der 2. Editioun vun den Europaspiller.

E Freideg den Owend gouf um 23.35 Auer déi zweet Editioun vun den Europaspiller offiziell lancéiert. D'Biathletin Darja Domratschewa huet zesumme mat weidere wäissrussesche Spëtzesportler d'Flam vum Fridden ugefaangen.

AUDIO: Optakt vun den Europaspiller/Reportage Franky Hippert
RTL

© AFP

Vum 21. bis den 30. Juni kämpfen iwwer 4.000 Athleten an Athletinnen aus 50 europäeschen Natiounen bei den Europaspiller zu Minsk ëm Medailen, dorënner och 24 Lëtzebuerger Sportler a Sportlerinnen.

Um Programm stinn 199 Kompetitiounen a 15 Sportaarten respektiv 19 olympeschen Disciplinnen.

Scho virun der offizieller Erëffnungszeremonie waren e Freideg de Mëtteg e puer Lëtzebuerger am Asaz an dat am Bouschéissen an am Boxen.